Op den Inhalt sprangen

Gare Sandweiler-Conter

Vu Wikipedia
Gare Sandweiler-Conter

Streck 3
PK 7,060
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Conter (Weiergwan)
Gemeng Conter
Kanton Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 35’ 56.4’’ N
      6° 12’ 44.8’’ O
Websäit CFL.lu

D'Gare Sandweiler-Conter ass eng Gare op der CFL-Linn 3, der sougenannter Tréierer Streck, tëscht der Gare Zens-Hamm an der Gare Éiter vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Mat der Modernisatioun vun der Eisebunnslinn 3 gouf dës Gare nieft der Industriezon „Weiergewan“ gebaut an ass den 13. Dezember 2015 op gaangen.

D'Tréierer Streck féiert vu Lëtzebuerg bis op Waasserbëlleg an da weider op Tréier a Wittlech.

Vun der Strooss vu Sandweiler op Conter (CR234) geet den CR234A no lénks vun der Haaptstrooss fort, verleeft um éischte Stéck parallel a Richtung Süde mam CR234 a geet dann a Richtung Osten als Sakgaass weider. D'Gare läit do wou d'Eisebunn ënnert dem CR234 erduerch féiert.

Ënner anerem ass d'Wierk vun „DuPont de Nemours“ iwwer e Fousswee mat der Gare verbonnen.

Déi al Gare

Déi al Gare, déi den 1. Mee 1892 opgemaach gouf, louch ronn 520 Meter méi westlech op der Sandweiler-Gare, engem Lieu-dit tëscht den Uertschaften Conter a Sandweiler, um Gebitt vun der Gemeng Hesper; se gëtt mëttlerweil net méi ugefuer an d'Quaie si verschwonnen[1].

Bei der aler Gare vu Sandweiler-Conter war e gratis Park & Rail-Parking mat 28 Parkplazen a spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Mä déi al Gare hat nëmmen eng Trap fir op déi aner Säit op de Quai ze kommen.

Den 13. Juni 2022 goufen d'Voyageurs-Gebai an d'Gardshaischenvun der aler Gare als national Kulturierfschaft klasséiert.[2]

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Zens-Hamm   RB
CFL-Linn 30 
  Éiter Waasserbëlleg
Lëtzebuerg Lëtzebuerg   RE
CFL-Linn 30 
  Mënsbech Wittlich
Commons: Gare Sandweiler-Conter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Zweigleisiger Ausbau der Zugstrecke Luxemburg – Sandweiler-Contern op wort.lu vum 9. Mäerz 2015
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).