Op den Inhalt sprangen

Gare Waasserbëlleg

Vu Wikipedia
Gare Waasserbëlleg
D'Gare vu Waasserbëlleg (2020)
ass eng Gare, Grenzgare
Status am Gebrauch
opgaang 1861
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Mäertert
Uertschaft Waasserbëlleg
Koordinaten 49°42'46,4"N, 6°29'57,5"O
Héicht i. M. 140 m
Reseau
Statiounscode W
Bedreiwer CFL
Streck(en) CFL-Linn 3
Gleiser 7 (dovun 2 Stompgleiser)
Gleiser mat Quai 4
Passagéier/Joer 390.078
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Mäertert,
Gare Igel
Websäit https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Wasserbillig
Kaart
Lag vun der Gare Waasserbëlleg
Déi zwou fréier Waasserbëlleger Garen (ëm 1910)

D'Gare vu Waasserbëlleg ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit am Zentrum vu Waasserbëlleg, südlech vun der N1 (Grand-Rue) an der Gemeng Mäertert. Südlech vun der Gare sinn den CR134 (Esplanade de la Moselle) an d'Musel.

D'Gare Waasserbëlleg gehéiert zur Linn Lëtzebuerg - Waasserbëlleg - Tréier - (Wittlich / Koblenz) vum CFL-Zuchreseau. Se läit tëscht der Gare Mäertert an der däitscher Grenz.

D'Gare vu Waasserbëlleg huet e Park & Rail-Parking mat 121 Plazen an dräi speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen.

Mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg sinn d'Guichete vun der Gare Waasserbëlleg den 1. Mäerz 2020 fir zerguttst zougemaach ginn[1].

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Februar 2025)

Linn Lëtzebuerg ↔ Waasserbëlleg ↔ Tréier ↔ (Wittlich oder Koblenz)

[änneren | Quelltext änneren]

Richtung Waasserbëlleg

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Mäertert   RB   Terminus Waasserbëlleg
Lëtzebuerg Mäertert   RB   Igel Tréier - Wittlich
Lëtzebuerg Sandweiler-Conter   RE   Igel Tréier - Koblenz[2]

Richtung Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

Commons: Gare Waasserbëlleg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr)Mobilité: La plupart des guichets CFL du pays vont disparaître dès le 1er mars 2020. infos.rtl.lu (30.07.2019). Gekuckt de(n) 10.02.2025.
  2. vereenzelt Zich als IC virun op Düsseldorf