Regionalbunn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
CFL 2006 als Regionalbunn op Wolz.

Als Regionalbunn, oder kuerz RB bezeechent een zu Lëtzebuerg an am däitschsproochege Raum eng Kategorie vun Zich déi an all Gare hale bleiwen. Si stellen d'Grondlag vu jiddwer Eisebunnsreseau duer, well se déi lokal Garë mat de regionalen an iwwerregionale Garë verbannen.

Regionalbunnen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg circuléiere Regionalbunnen um ganze Reseau. Et besteet fir de ganzen nationale Reseau Stonnentaktbetrieb, dat heescht et kann ee vu jiddwer Gare am Land een Zuch pro Stonn a Richtung Lëtzebuerg kréien. Op der Achs Rodange-Lëtzebuerg-Ettelbréck besteet ausser Sonndes, souguer Hallefstonnentakt.

Nieft dem nationale Reseau, fueren d'Regionalbunne vun den CFL och bis op Arel an Attem.

Zu Lëtzebuerg ginn d'Regionalbunne virun allem mat CFL 2000 an CFL 2200 Automotricen an CFL-Dosto-Voiturë gefuer. D'SNCB assuréiert op der CFL-Linn 50 eng Rei Regionalbunne mat hiren AM 96.

Regionalbunnen an der Belsch[änneren | Quelltext änneren]

An der Belsch lafen d'Regionalbunnen ënner dem Numm L Zuch.

Regionalbunnen an Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

Regionalbunnen a Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

A Frankräich heeschen d'Regionalbunnen Omnibussen, a lafen am TER.

Regionalbunnen an Holland[änneren | Quelltext änneren]

An Holland heeschen d'Regionalbunnen vun NS Sprinter, bei Connexxion, Syntus, Arriva a Veolia heesche se "Stoptrein" (Stopzuch). NS huet den Numm Stoptrein gebraucht bis 2007.