Gare Wolz
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
Streck | 1b | ||||
PK | 9,104 | ||||
Quaien | 2 | ||||
Gleiser | 3 | ||||
Uertschaft | Wolz | ||||
Gemeng | Wolz | ||||
Kanton | Wolz | ||||
Koordinaten | 49° 57’ 59’’ N 5° 55’ 37’’ O | ||||
Websäit | CFL.lu |
D'Gare vu Wolz läit an der Kadastersektioun Nidderwolz an ass d'Kappgare op der Antenn Kautebaach-Wolz vun der CFL-Linn 1, der sougenannter Nordstreck vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Déi lescht Gare virdrun ass d'Gare Paradiso.
D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng weider Antenn zweigt vun der Gare Ettelbréck of a féiert bis op Dikrech.
D'Gare vu Wolz huet e gratis Park & Rail-Parking mat 187 Plazen a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
D'Gare vu Wolz ass eréischt zanter dem 24. September 1967 eng Kappgare. Virdrun huet d'Streck vu Wolz iwwer d'Schëmpecher Streck, duerch den Dall vun der Wolz, weider iwwer Wanseler, d'Schleef, laanscht Schëmpech an Nidderwampech, bis op d'belsch Grenz bei Benonchamps gefouert. Vun do aus hat se Uschloss un d'Linn 164 vun der belscher Eisebunn, an iwwer déi eraus, vum Y bei der Gare Baaschtnech-Nord, Uschloss un d'Linn 163 vu Libramont op Sankt Vith.
Den 13. Juni 2022 gouf proposéiert, de fréieren Marchandisenhangar vun der Gare als national Kulturierfschaft ze klasséieren.[1]
Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg | Paradiso | RB CFL-Linn 10 |
Terminus | Terminus | ||
Kautebaach | Kautebaach | RE CFL-Linn 10 |
Terminus | Terminus |
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Gare Wolz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Wolz op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Wolz op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Wolz op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
| |||
Lëtzebuerg - Ëlwen: Lëtzebuerg - Pafendall-Kierchbierg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Colmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Ëlwen
|
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 22. Februar 2023).