Schleef (Wanseler)

Vu Wikipedia
Schleef
An anere Sproochen fr: Schleif
de: Schleif
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Wanseler
Buergermeeschter Romain Schroeder
Awunner 10[1]
  2020
Héicht 364,8 m
Koordinaten 49° 59’ 23’’ N
      05° 51’ 22’’ O

D'Schleef ass e Lieu-dit an der Gemeng Wanseler, op der Grenz mat der Gemeng Wëntger.

An der Schleef gëtt et e Café-Restaurant an niewendrun d'Ateliere vun der Gemeng. Um haitege Vëloswee leien d'Produktiounshal vun der Kooperativ Téi vum Séi an eng Beienziichterei.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Schleef läit op enger Héicht vun 365 m, um CR309 tëscht Donkels an Déierbech am Dall vun der Wolz.

Ursprong vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Schleef kënnt vum mëttelhoudäitschen „slîfe“, dat esouvill wéi Schläifmillen heescht[2].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zweemol an der Geschicht hat d'Schleef eng gewësse Bedeitung kritt. Déi éischt Kéier, beim Bau vun der Eisebunnslinn tëscht Wolz an der belscher Grenz an déi aner Kéier an der Ardennenoffensiv.

D'Liewen an der Schleef huet sech scho wärend dem Bau vun der Eisebunnsstreck g'ännert, well Baumaterial do stockéiert gouf a well an der Schleef ugefaange gouf fir den Tunnel a Richtung Benonchamps ze gruewen.

Nodeems d'Streck den 1. Juli 1888 opgaange war, war séier kloer, datt se wirtschaftlech gënschteg Auswierkung fir d'Schleef hätt. Déi éischt Spuere vun engem Café an der Schleef ginn och op d'Zäit ëm 1888 zeréck. Sengerzäit war de Wiert e gewësse Pierre Stoffel-Pauly vu Grëmmelescht. De Café ass méi spéit vum Constant Bache vu Donkels iwwerholl ginn, nodeems dee 1919 sech mam Stoffel senger Niess, der Lucie Boever bestuet hat.

Et gouf och driwwer diskutéiert fir an der Gare vun der Schleef en Telegraphebüro opzemaachen grad wéi fir Postverbindunge bis op Rammerech.

Fir eng besser Ubannung un d'Eisebunn ze garantéieren, goufen d'Stroosse Schleef – Donkels a Schleef – Grëmmelescht gebaut. Do dernieft ass nach eng Marchandisen-Hal an der Schleef gebaut ginn, déi awer net laang a Betrib blouf.

Den 30. August 1944 gouf d'Streck vu belschen a lëtzebuergesche Resistenzler blockéiert an ass doropshi bis den 21. Januar 1946 zou bliwwen[3].

1954 gouf an der Schleef d'Faarwefabrick Embecolor vun de Bridder André an Henri Mousel zesumme mat der Marie-Louise Bache an dem Norbert Bache gegrënnt. An der fréierer Produktiounshal ass hautdesdaags de Gemengenatelier vun der Wanseler Gemeng installéiert.

De leschten Zuch op der Streck Wolz-Schëmpech ass den 23. September 1967 gefuer. Hautzedaags leeft d'Vëlospist vun der Wolz iwwer déi fréier Zuchstreck.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schleef (Wanseler) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Statistiques démographiques. winseler.lu (2020-10-19). Gekuckt de(n) 2021-06-27.
  2. Schleif. winseler.lu (2020-10-19). Gekuckt de(n) 2021-06-27.
  3. Quell: Informatiounspanneau an der Schleef