Donkels

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Donkels
Doncols.jpg
Donkels gemoolt vum Mathis Wildanger
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Doncols
de: Donkols
wa: Doncô
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Wanseler
Buergermeeschter Romain Schroeder
Awunner 257 (Juli 2006)
Koordinaten 49° 58’ 12’’ N
     05° 50’ 15’’ O

Donkels ass eng Uertschaft an der Gemeng Wanseler.

Donkels a Soller waren déi eenzeg Uertschaften um Territoire vum haitege Lëtzebuerg, an deene fréier Wallounesch geschwat gouf.

Duerch d'Grenzzéiung duerch den Traité vu London koum et net, wéi déi aner wallouneschsproocheg Uertschaften, un d'Provënz Lëtzebuerg, mä un de Grand-Duché. Zeien dovu sinn z. B. franséischsproocheg Flouernimm, wéi Bois des Poux oder wallouneschsproocheg Bezeechnunge vun Uertschaftsdeeler vun Donkels, wéi Bohoy.

Hirem Wollef hunn déi Donkelser e Monument opgeriicht

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Donkelser Wollef[änneren | Quelltext änneren]

Den "Donkelser Wollef" war e Schéifer vu Briech, deen uganks vum 19. Joerhonnert an der Donkelser Géigend Kierf verkaaft, an de Leit Geschichten iwwer déi sëlleche Wëllef erzielt huet, déi en doutgemaach hätt, a fir déi Geschichten Iesse geheescht huet. Hie war mat engem Wollefspelz gekleet, dofir säin Numm. Duerch dëst markant Optriede war en iwwerall an deem Streech bekannt, sou datt et zum Ausdrock "Bekannt wéi den Donkelser Wollef" koum.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Donkels – Biller, Videoen oder Audiodateien