Kierch Donkels
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vun Donkels (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Donkels | |||
Par | Wooltz Saints-Pierre-et-Paul | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Gangolf | |||
Koordinaten | 49° 58’ 12.4’’ N 05° 50’ 12.9’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Donkels ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wanseler gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Gangolf, deem säi Fest den 11. Mee gefeiert gëtt.
D'Kierch steet am Kierchewee, net wäit vun der Kräizung mat der Duerfstrooss, dem CR309.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Dat eelsten Dokument, an deem eng Kapell zu Donkels ernimmt gouf, ass e Prozessakt vu 1640. Donkels huet deemools nach zur Par Soller gehéiert. Eréischt 1872 gouf Donkels Sëtz vun der Par a Soller gouf d'Filial.[1]
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Donkels, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Donkels huet ausser der Parkierch och nach d'Nikloskapell vu Soller gehéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Donkels – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul
- D'Fënstere vun der Kierch vun Donkels op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Kierch Donkels an der ëffentlecher Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic] an och nach emol am selwechte Grupp
-
D'Kierch vu Südosten aus gesinn
-
Aganksdier
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Buch Die Gemeinde Winseler, 1980, S. 64-66