Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul
D'Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 duerch en Dekret vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]
Se gehéiert zum Dekanat Norden an ersetzt déi 10 fréier Pare Bärel, Donkels, Eschweiler, Kautebaach, Knapphouschent, Mäerkels, Näertrech, Pënsch, Wolz-Nidderwolz a Wolz Notre-Dame. Noutem, déi fréier Filial vun der Par Bärel an Draufelt a Siwwenaler, déi fréier Filiale vun der Par Pënsch, ginn ofgetrennt.
D'Par läit um Gebitt vun de Gemenge Kiischpelt, Wolz a Wanseler.
D'Patréiner vun der Par sinn den hellege Péitrus an den hellege Paulus.
D'Parkierch ass d'Kierch vun Nidderwolz.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg