Bärel

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Luxembourg geo stub.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bärel
Bärel Kierch.jpg
Kierch vu Bärel
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Berlé
de: Berl
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Coat of arms winseler luxbrg.png Wanseler
Buergermeeschter Romain Schroeder
Awunner 101 (Juli 2006)
Koordinaten 49° 57’ 08’’ N
05° 51’ 23’’ O


Bärel ass eng Uertschaft an der Gemeng Wanseler.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Bärel läit op engem Héichplateau westlech vun der Nationalstrooss N15 tëscht dem Schumannseck an dem Pommerlach.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bärel gouf am Dezember 1944 an am Januar 1945 während der Ardennenoffensiv am Zweete Weltkrich bal ganz zerstéiert. Wat zu där Zäit am Duerf geschitt ass a wéi et dozou koum, datt déi ganz Duerfgemeinschaft huet hir Uertschaft misse verloossen, huet de lëtzebuergeschen Auteur Albert Gricius an enger Erzielung festgehalen.[1]

Fir un déi schwéier Zäit z'erënneren, gouf bei der Kierch e Monument Duerf an der Front an der Kierchegaass opgeriicht. Donieft steet e Schiferblock mat enger Erënnerungsplack un déi 90. US Infantriedivisioun. Als Erënnerung un den Duerchmarsch vun den amerikaneschen Truppen op hirem Wee fir op Baaschtnech gouf op enger Kräizung am Duerf e Kilometersteen vun der Voie de la Liberté opgeriicht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gricius, Albert, 1991: Dorf in der Front. Bilder vom Untergang eines Öslinger Dorfes. É. Borschette, Christnach. Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg, 115 S., 4. Oplo, ISBN 2-87982-019-7 [Originaleditioun: 1945]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Berlé – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. Gricius 1991 an der Literatur.