Kierch Bärel
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vu Bärel (2015) | ||||
Uertschaft / Plaz | Bärel | |||
Par | Wooltz Saints-Pierre-et-Paul | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Blasius | |||
Baujoer | 1787 | |||
Koordinaten | 49° 57’ 05.3’’ N 05° 51’ 17.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Bärel ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wanseler gehéiert.
De Patréiner ass den hellege Blasius, deem säi Fest den 3. Februar gefeiert gëtt.
D'Kierch steet an der Duerfstrooss, dem CR319A.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Ursprénglech huet Bärel zur Par Bauschelt gehéiert, gouf awer warscheinlech schonn am Mëttelalter zesumme mat der Filial Noutem eng eege Par. Bei enger Visitatioun 1786 gouf festgestallt datt d'Kierch baufälleg war, dofir gouf 1787 ënner dem Paschtouer Nicolas Metzler eng nei Kierch gebaut. Se krut dobäi hiren haitege Patréiner, den hellege Blasius.[1]
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Bärel, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Bärel huet ausser der Parkierch och nach d'Filialkierch vun Noutem gehéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Bärel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul
- D'Fënstere vun der Kierch vu Bärel op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Kierch vun Nordoste gesinn
-
D'Kierch vu Südoste gesinn
-
Aganksportal
-
De Banneraum vum Duxall aus gesinn
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Buch Die Gemeinde Winseler, 1980, S. 53