Op den Inhalt sprangen

Baaschtnech

Vu Wikipedia
Baaschtnech
An anere Sproochen fr: Bastogne
de: Bastnach
wa: Bastogne
nl: Bastenaken
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Awunner 14 577 (1. Jan. 2008)
Fläch 17,203 km²
Koordinaten 50° 00’ 15’’ N
      05° 43’ 12’’ O
Telefonszon 061
Postcode 6600
Websäit https://www.bastogne.be
Lag vun der Gemeng (rout)
an der Provënz Lëtzebuerg (hellgro)
am Arrondissement Baaschtnech (donkelgro)

Baaschtnech (Bastogne op Franséisch a Wallounesch, Bastenaken op Hollännesch, Bastnach op Däitsch) ass eng Stad, Sektioun an Haaptuert vun der Gemeng mat deem selwechten Numm an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Zanter der belscher Gemengereform vun 1977 gehéieren haut déi fréier Gemenge Longvilly, Noville, Villers-la-Bonne-Eau a Wardin zu der Gemeng Baaschtnech. Den 2. Dezember 2024 koum féi fréier Gemeng Bertogne als Sektioun derbäi[1].

Zur haiteger Sektioun Baaschtnech gehéiere follgend Uertschaften: Bizory, Hemroulle, Isle-la-Hesse, Isle-le-Pré, Savy a Senonchamps.

Baaschtnech läit op der Nationalstrooss N4 déi vun Arel bis op Baaschtnech zu der Voie de la Liberté gehéiert.

Um Territoire vun der Uertschaft Al Hé an der fréierer Gemeng Longvilly huet d'Lingserbaach hir Quell.

D'Awunner gi Bastognards genannt.

Baaschtnech daucht eng éischt Kéier 634 schrëftlech op, wéi en Herzog vun Austrasien der Abtei vun Tréier säi Besëtz vu Baaschtnech iwwerdréit, dee 721 un d'Abtei Prüm iwwergeet. An der Ardennenoffensiv, am Wanter 1944/45, hat Baaschtnech besonnesch vill ze leide gehat. E Memorial, dat sougenannte Monument um Mardasson, erënnert dorun. Do donieft steet de Bastogne Historical Center, e Musée iwwer d'Kämpf ëm a ronderëm Baaschtnech.

Wopen a Fändel

[änneren | Quelltext änneren]

De Baaschtnecher Wopen erënnert un d'Vergaangenheet vu Baaschtnech dat am 13. Joerhonnert dem Doumkapitel Notre-Dame vun Oochen gehéiert huet. Vum Baaschtnecher Wope wësse mer datt en eng éischt Kéier den 18. November 1818 vum Hollännesche Kinnek an engem Arrêté festgehale gouf:

In de lengte doorgesneeden van rood en blauw. De mooeder Gods en het Kindeke geplaatst op het geheel. Het schild gedekt met en gouden kroon.
[Partie de gueules et d'azur, à la Sainte Vierge avec l'Enfant Jésus brochant sur le tout. L'écu sommé d'une couronne d'or.]

No der Onofhängegkeet gouf am neie Staat nees alles frësch confirméiert. Dofir goufen zwou Decicisiounen am Gemengerot geholl an zwar den 11. Dezember 1837 an de 5. August 1841 déi mat engem Arrêté royal vum 13. Abrëll 1842 confiméiert goufen:

Mi-parti[es] de gueule et d'azur, à la Sainte Vierge avec l'Enfant Jésus au naturel, vêtus et couronnés d'or. L'écu timbré d'une couronne de même.

Fir et dann nach eng Kéier besser ze maachen, gouf dunn no de Gemengefusioune mat Longvilly, Noville, Villers-la-Bonne-Eau a Wardin den 23. Februar 1977 déi ganz Prozedur mat enger Decisioun vum Gemengerot nees eng Kéier frësch ugekierpt. Den Arrêté royal gouf de 24. Abrëll 1980 geholl an d'Publikatioun am Moniteur belge war de 4. Juli 1980 mat follgender Beschreiwung:<br<

Brochant sur un parti cousu de gueules et d'azur, la Sainte Vierge avec l'Enfant Jésus, de carnation, vêtus d'or et ceints d'une couronne à trois fleurons du même, la Vierge tenant de la senestre un sceptre fleurdelisé aussi d'or. L'écu sommé d'une couronne à cinq fleurons d'or[2].

De Fändel vu Baaschtnech ass follgendermoosse beschriwwen:

Divisé transversalement en deux, rouge à la hampe et bleu au large.

Baaschtnech ass mat Périers an der Normandie jumeléiert, an huet de 16. Abrëll 2005 eng Partnerschaft mat der Gemeng Tulette an der Drôme geschloss.

  • Auguste Neyen, Histoire de la Ville de Bastogne depuis son origine celtique jusqu'à nos jours; Lëtzebuerg (Vic. Bück), 1868; d'Buch gouf 1982 zu Bréissel (Éd. Culture et Civilisation) nei opgeluecht; 494 Säiten.
  • Louis Lefèbvre, Histoire de Bastogne; Bd. I: Des origines à Jean l'Aveugle - De Jean l'Aveugle à 1500; Arel, 1990.

Buergermeeschtere vu Baaschtnech

[änneren | Quelltext änneren]
Zäit Buergermeeschter Bemierkungen
Belsch Revolutioun – 1832François Thomas
11.08.1832 – 31.12.1842François Siville
01.01.1843 – 14.05.1846Henri MetzGestuerwe virum Enn vum Mandat
18.07.1846 – 13.04.1868François HansezGestuerwe virum Enn vum Mandat
François Thomas(ff)
28.10.1868 – 08.07.1871François ThomasGestuerwe virum Enn vum Mandat
Victor Mortehan(ff)
10.11.1871 – 11.07.1872Arsène AndréDemissionéiert
02.09.1872 – 31.12.1884Victor Mortehan
01.01.1885 – 31.12.1887Lucien Eschweiler
01.01.1888 – 31.12.1890Victor Mortehan
01.01.1891 – 25.05.1895Louis LambotteDemissionéiert
Firmin Delferriere(ff)
21.01.1896 – 21.12.1903Louis Lambotte
01.01.1904 – 31.12.1911Stanislas Duschêne
01.01.1912 – 01.12.1925Alphonse LefèbvreGestuerwe virum Enn vum Mandat
Evrard Blérot(ff)
03.09.1926 – 31.12.1926Evrard Blérot
01.01.1927 – 29.11.1940Alphonse MaterneOfgesat vun der däitscher Besatzung
13.07.1940 -? Parmentierf.f Genannt vun den Däitschen
05.05.1941 – 10.06.1944Pierre Renquin(ff) Verhaft vun den Däitschen
.06.1944 - .09.1944Joseph Jeangout(ff) genannt vun den Däitschen
.09.1944 – 31.07.1945Léon Jacqmin(ff) genannt vun den Amerikaner
31.07.1945 – 31.12.1964Pierre Renquin
01.01.1965 – 31.12.1976Louis OlivierErsat duerch de Charles Govaerts déi Zät an där e Minister war.
01.01.1977 – 2000Guy LutgenPSC
Joseph MOINET(ff) 86, 87, 88, 94 – PSC
Philippe Collard(ff) 95, 96, 97, 98
Gilbert Stilmant(ff) 99 – PSC
Zanter 2001Philippe CollardMR
Député fédéral zanter dem 14.07.99
Conseiller provincial vun 1985-1999

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Baaschtnech – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kierch St. Pierre aus dem 12.-16. Joerhonnert
D'Porte de Trèves
D'Generol-McAuliffe-Plaz

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Moniteur belge, Décret relatif à la fusion des communes de Bastogne et de Bertogne (19.05.2024). Gekuckt den 12.12.2024.
  2. Armoiries communales en Belgique Tome I