Diskussioun:Baaschtnech

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ass dat de Baaschtnecher Wopen?[Quelltext änneren]

Wann ech mer de Wopen op der Websäit vu Baaschtnech ukucken, fale mer e puer Saachen op. D'Form vum Wopen ass komplett anescht wéi déi hei an der Wikipedia. D'Fra hält um Wope vun der Stad de Liliestaf ganz kloer schréi, hei hält se dee riicht. --Cornischong 08:18, 16 September 2006 (UTC)

Daat spillt alles gouer keng roll an der Heraldik. De Wopen vu Baaschtnech as esou blasoneiert: parti de gueules et d'azur (d'schelt en zwee gedeelt, lenks roud, riets blo) à la Sainte Vierge avec l'Enfant Jésus au naturel vêtus et couronnés d'or (Jongfra a Kand an natierleche farven (ginn also net beschriwen), gellen gekreint an ugedoen (an ech hu mech do un d'Bild aus dem Armorial ugepasst, eigentlech misst mindestens en Deel vum Kand senge Kleeder och gelle sinn). De fleur de lys Stab ass am Blason guernet emol beschriwen, mee ech ginn dervun aus dass desen en integralen Deel vum Hellege Bild ass (kenne mech do net esou aus). Schlussendlech ass d'Scheld-form e choix vum Zeechner, ech hu mech do fier en 13. Joerhonnert Stiel entscheed, deen ass net onbedengt ideal fier des Gemengewopen, mee ech wollt standardiseieren (a main eigentlech Ziel ass een wiki armorial vun de sougenannten Letzebuerger Grofschaften (Letzebuerg, Esch (Sauer), Veianen, Arel, Durbuy, Laroche,Bouillon, Chiny, Verdun, Salm...)). D'Alternativ wier gewiescht een mei dreieckegt (nach emmer oofgerennt) Scheld ze benotzen, ech waert nie daat baal quadratescht Scheld wei et am Armorial des Communes... benotzt gett zeechnen (interessanter wais benotzen dei zwee Letzebuerger Armorialen och een mettelalterlesche Style an net dei quadratesch form vun de Belsch). Ironescherwais hunn ech d'Form an dimensiounen vu menge Schelter vun engem Flaemeschen Schelt oofgekuckt:-).--Caranorn 12:39, 16 September 2006 (UTC)