Vielsalm
Ausgesinn
| Vielsalm w: Li Viye Såm | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Belsch |
| Regioun |
|
| Communautéit | Franséisch Communautéit |
| Provënz |
|
| Arrondissement | Baaschtnech |
| Awunner | 7.821 (1. Januar 2018) |
| Fläch | 13.976 |
| Koordinaten |
50° 17’ 10’’ N 05° 55’ 05’’ O |
| Telefonszon | 080 |
| Postcode | 6690 |
| Websäit | https://www.vielsalm.be |
|
| |
![]() | |
Vielsalm ass eng Uertschaft a Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg. Si läit um Floss Salm, dohier hiren Numm. Vielsalm (Viye Såm op wallounesch) kënnt vu Vieille Salm - Al Salm, well de Schlasshär eng Kéier eng nei Uertschaft gegrënnt hat (dat haitegt Salm-Château). Déi al Uertschaft gouf spéider nees bewunnt a krut sou hiren Numm.
Aner Uertschaften an der Gemeng si Bihain, Fraiture, Grand-Halleux a Petit-Thier. Och déi zweethéchst Kopp vun der Belsch, d'Baraque de Fraiture (652 m) läit an där Gemeng. Am Wanter kann een do Wantersport maachen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Vielsalm – Biller, Videoen oder Audiodateien |


