Léglise

Vu Wikipedia
Léglise
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Neufchâteau
Awunner 5.366 (1. Januar 2018)
Fläch 17.292
Koordinaten 49° 48’ 00.62’’ N
      05° 32’ 23.67’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6860
Websäit http://www.communeleglise.be

Léglise ass eng Uertschaft an eng Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg, am Arrondissement Neufchâteau.

Den 1. Juli 2005 hunn do 4.035 Awunner op 172,292 km² gelieft. Iwwer d'Hallschent vun der Gemeng (9 022 ha) si Bëscher, dorënner d'Forêt d'Anlier. Léglise ass aus 6 Gemenge regruppéiert ginn, déi sech am Ganzen aus 28 Dierfer zesummegesat hunn:

Hydrographie[änneren | Quelltext änneren]

De wichtegste Floss um Territoire vun der Gemeng ass d'Sauer mat e puer direkten Nieweflëss um Terrain vun der Gemeng. Et sinn dat de Ruisseau de Lipré (och Ruisseau du Beulet a Ruisseau de Remichampagne genannt), de Chiehet, d'Géronne an d'Moyémont. Aner Baache sinn de Ruisseau de la Fange Bassi, d'Mandrebras, de Ruisseau de Léglise mat den Niewebaache Ruisseau de la Claire Fagne, Ruisseau de Narcimont, Ruisseau de Hawa an dem Ruisseau de la Grande Fagne. Nom Zesummelaf mam Ruisseau de Botémont ännert en den Numm a Ruisseau de Mellier, ënner deem en och den Territoire vun der Gemeng verléisst. D'Civane mécht op enger Streck vu ronn 2.500 Meter d'Grenz mat der Nopeschgemeng Chiny. De Ruisseau de la Fagne Chamison leeft op der Gemengegrenz mat Habich an d'Mandebras. Op der Grenz mat Anlier leeft de Ruisseau de la Planche an de Ruisseau d'Anlier dee seng Quellen am Habicher Wald huet a soss nach vum Ruisseau de Nobipré, dem Ruisseau de la Houe, dem Ruisseau du Wé de Chaumont, dem Ruisseau de Houdoimont an dem Ruisseau du Courrier gefiddert gëtt. Am Naturschutzgebitt Louftémont-Vlessart lafen de Ruisseau de Ripon, de Ruisseau de Vlessart an den Trodu Ruisseau an de Ruisseau d'Arlune, fir mat deem zesumme bis an d'Rulles bei Habich ze lafen. De Ruisseau de la Passée du Cerf huet seng Quellen op der Grenz mat Maartel a leeft no Osten an d'Kleng Rouer. Op enge Héicht vu ronn 500 Meter an der Noperschaft vun der Croix Louis huet d'Rulles hir Quellen. Op hirem Wee bis op d'Gemengegrenz lafen nach véier kleng Baachen dran, an zwar de Ruisseau du Cendrillon, de Ruisseau du Prince de Ruisseau des Fées an de Ruisseau de la Croix Jean Thirion.

Bibliographie[Quelltext änneren]

  • Léglise, 28 villages au fil du temps, Commission culturelle et sportive de Léglise, 1997.
  • Geubel A. & Gourdet L., Histoire du Pays de Neufchâteau. La ville. La seigneurie. Le ban de Mellier. Duculot, Gembloux, 1956.
  • Hannick P. et Duvosquel J.-M., La carte d’Arenberg de la Terre et prévôté de Neufchâteau en 1609 (avec le ban de Mellier et la seigneurie de Bertrix). Kommentéiert Editioun mat Kaarten (18. bis 20. Joerhonnert), Bréissel, 1996.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Léglise – Biller, Videoen oder Audiodateien

Offiziell Websäit vun der Gemeng