Manhay

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Flag of Manhay.svg Manhay
center}}}
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Flag of Wallonia.svg Franséisch Communautéit
Provënz Official flag of the Province of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Arrondissement Marche-en-Famenne
Telefonszon 063
Postcode 6706
Koordinaten 50° 17’ 32’’ N
05° 40’ 32’’ O
Fläch  11.981 ha
Bevëlkerung  3.229 (1. Jan. 2008)
Lag vun der Gemeng (rout) an der Provënz Lëtzebuerg (hellgro) am Arrondissement Marche (donkelgro)
Lag vun der Gemeng (rout)
an der Provënz Lëtzebuerg (hellgro)
am Arrondissement Marche (donkelgro)

Manhay ass eng Uertschaft a Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Déi haiteg Gemeng ass bei der belscher Gemengereform 1977 duerch d'Fusioun vun de fréiere Gemengen Dochamps, Grandménil, Harre, Malempré, Odeigne a Vaux-Chavanne entstanen. Den Numm vun der Gemeng kënnt vun engem Lieu-dit aus der fréierer Gemeng Vaux-Chavanne.

Wopen a Fändel[änneren | Quelltext änneren]

Originaltext: D'argent à une tête-et-col de sable accostée et soutenue de trois losanges d'azur, au chef de gueules à trois feuilles de chêne d'or posées en pal et rangées.

Am Gemengerot gouf den 3. Oktober 1995 iwwer de Wopen decidéiert an den Arrêté executif ass vum 28. Mäerz 1996.

Déi fréier Gemengen haten all kee Wopen. De Wope gouf aus Elementer vun deene vu fréieren Hären aus der Géigend zesummegestallt. Dat waren de Wope vum Haus Stolberg fir den Hirschkapp, a Leuze-Neufforge fir d'Rauten. D'Eecheblieder sollen déi grouss Bëscher an der Géigend duerstellen. D'Emailer Rout a Gold um Kapp vum Wope sollen un d'franseisch Communautéit erënneren, a Rout, Wäiss, Blo soll Zougehéieregkeet zu der Provënz Lëtzebuerg duerstellen.

De Fändel huet siwe Sträifen, wäiss, blo, wäiss, rout, wäiss, blo, wäiss, dem laange Wee no.

D'Kierch.
D'Gemengenhaus zu Manhay

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell Websäit vun der Gemeng


Commons: Manhay – Biller, Videoen oder Audiodateien