Bertrix

Vu Wikipedia
Bertrix
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Neufchâteau
Awunner 8.763 (1. Januar 2018)
Fläch 13 770
Koordinaten 49° 51’ 15’’ N
      05° 15’ 09’’ O
Telefonszon 061
Postcode 6880
Websäit https://www.bertrix.be
D'Gemengenhaus

Bertrix op Wallounesch Bietris, ass eng belsch Uertschaft a Gemeng an der Provënz Lëtzebuerg.

Déi haiteg Gemeng Bertrix ass bei der belscher Gemengereform vun 1977 entstanen duerch Fusioun vu Bertrix mat de fréiere Gemengen Auby-sur-Semois, Cugnon, Jehonville an Orgeo.

Zur Gemeng gehéiere follgend Uertschaften a Lieu-diten:

  • Sektioun Auby-sur-Semois mat: Biarde a La Géripont.
  • Sektioun Bertrix mat: Blézy, Bohémont, Burhémont, Corettes, Courbeure, Culot, Cumine, Fèche, Flèche de Burhémont, Flèche de Renaumont, Glaumont, Haut-Bi, Lignery, Linglé, Maljoyeuse, Maugires, Neufmoulin, Onnou, Palichamps, Pirou, Renaumont, Rochettes, Rosais, Rouvroux, Tannerie, Wez-des-Rules a Wibeauroche.
  • Sektioun Cugnon mat: Champs Lorrain, Château des Fées, Ilions, Linglé, Mergyre, Mortehan, Thibeauroche an Tônhaye.
  • Sektioun Jehonville mat: Acremont, Assenois, Blancheoreille, Bois Bolle, Champai, Clappes, Derrière les Cortils, Falizules, Géronde, La Girgaine, Glaumont, Gribomont, Gurhaumont, Luchy, Milleumont, Pérauwé, Raspail, Sart a Sto.
  • Sektioun Orgeo mat: Biolette, Biourge, Bosémont, Ferrues, Fond de Lavau, Fontenelle, Haute-Flèche, Huilerie, Jausset, Justice, Larfai, Maison Alexandre, Miaumont, Maye, Nevraumont, Pré Grand-Mère, Rossart, Saupont, Sous la Rochette, Sur la Chapelle, Voiries, Waillimont a Willechauve.

De Wopen, (D'argent à trois fers d'âne mal ordonnés de sable, cloutés d'or, tournés en barre.) ass dee vun der Gemeng Bertrix wéi déi en 1932 [1] autoriséiert krut, a wéi en 2003 fir déi nei Gemeng confirméiert gouf.[2],[3] D'Houfeise vum Iesel sollen un e Meeschterstéck vun engem Awunner vu Bertrix erënneren, deen en Iesel eschoss hat, well en e mat engem Hues verwiesselt hat. D'Awunner vu Bertrix kruten dofir de Spëtznumm Baudets.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kierch St. Etienne, gouf tëscht 1894 an 1898 op engem Terrain opgericht deen d'Gemeng dofir kaaft hat. Gesetzlech gouf de Bau an engem Arrêté Royal vum 4. Abrëll 1893 festgehalen. 1960 krut d'Kierch eng nei Uergel.
  • D'Paschtoueschhaus gouf vun der Gemeng tëscht 1855 an 1857 baue gelooss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bertrix – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kierch Saint-Etienne

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. DC 11.7.1931 - AR 1.2.1932 - MB 3.3.1932
  2. DC 14.9.2000 - AE 15.7.2003
  3. DC = Decisioun communale
    AR = Arrêté royal
    MB = Moniteur belge
    AE = Arrêté de l'Exécutif de la Communauté française