Op den Inhalt sprangen

Libin

Vu Wikipedia
Libin
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Neuchâteau
Awunner 5.164 (1. Januar 2018)
Fläch 13.972
Koordinaten 49° 58’ 50.05’’ N
      05° 15’ 22.01’’ O
Telefonszon 061
Postcode 6890
Websäit https://www.libin.be

Libin ass eng Uertschaft a Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Déi haiteg Gemeng Libin ass bei der belscher Gemengereform vun 1977 duerch Fusioun mat de fréiere Gemengen Anloy, Ochamps, Redu, Smuid, Transinne a Villance entstanen.

Déi fréier Gemeng huet aus de Sektioune Libin-Haut a Libin-Bas bestanen. Aner Uertschaften, Häff oder Lieu-diten an der Gemeng waren: Buchai, Contranhez, Crochet, Cwône, Fosse des Biays, Grosse Haie, Minette, Monty, Péribuchy, Place, Pont-à-Lomme, Pont de Libin, Quartier Latin, Remyfontaine, Rendour, Rolibuchy, Routy a Wargivaux.

Commons: Libin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Offiziell Websäit vun der Gemeng