Saint-Hubert (Belsch)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Saint-Hubert an der belscher Provënz Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Saint-Hubert.
Saint-Hubert
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Neufchâteau
Awunner 5.571 (1. Januar 2018)
Fläch 11.116
Koordinaten 50° 01’ 32’’ N
      05° 22’ 27’’ O
Telefonszon 084 / 061
Postcode 6870
Websäit https://www.saint-hubert.be

Saint-Hubert ass eng Stad a Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Saint-Hubert ass nom hellegen Hubert, dem Patréiner vun de Jeeër, benannt. Ronderëm leie grouss Bëscher, an den Tourismus ass d'Haaptwirtschaftsaktivitiéit.

Aner Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Arville, Awenne, Hatrival, Mirwart a Vesqueville.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Zu Saint Hubert ass d'Basilika Péiter a Paul (11.-18. Joerhonnert), de Palais vum Abbé an d'Kierch St. Gilles derwäert, gesinn ze ginn.

Un den Uwänner vun der Masblette, läit d'Schmelz Fourneau St. Michel, e Musée iwwer d'virindustriell Eiseveraarbechtung, an e Fräiliichtmusée iwwer déi verschidden traditionell Architekturstiler bei de Bauerenhaiser. Kuckeswäert ass och d'Schlass vu Mirwart dat amgaangen ass restauréiert ze ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saint-Hubert – Biller, Videoen oder Audiodateien
De Fräiliichtmusée Fourneau St-Michel