Gouvy

Vu Wikipedia
Gouvy
lb:Gäilech
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Awunner 5.206 (1. Januar 2018)
Fläch 16 511 ha
Koordinaten 50° 11’ 00’’ N
      05° 56’ 00’’ O
Telefonszon 080
Postcode 6670
Websäit https://www.gouvy.be

Gouvy (lëtzebuergesch Gäilech, däitsch Geilich) ass eng Uertschaft a Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

D'Gemeng Gouvy ass bei der belscher Gemengereform vun 1977 duerch Fusioun vun de fréiere Gemenge Beho, Bovigny, Cherain, Limerlé a Montleban entstanen. Virdru war Gouvy eng Uertschaft an der fréierer Gemeng Limerlé. D'Gemengenhaus vun der neier Gemeng steet zu Bovigny.

Gouvy ass international bekannt fir säi Gouvy Jazz & Blues Festival, deen zanter 1979 den éischte Weekend am August vum Jazz Club op der Ferme Madelonne zu Sterpigny bei Gouvy organiséiert gëtt.

Gouvy huet eng Schnellzuchhalt op der Verbindung Lëtzebuerg-Léck an ass een Terminus vum InterCity O.

Sektiounen an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

All Sektioun besteet aus méi Uertschaften:

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung am Originaltext:

Ecartelé aux 1 et 4 parti à dextre de gueules à un bélier passant d'argent (qui est de Zaluski), à senestre d'argent à trois fleurs de lis de sable au pied posé (qui est de Rivière d'Arschot) ; aux 2 et 3 d'argent à cinq fasces de gueules, au lion brochant d'or armé et lampassé de gueules (qui est de Hayne).

De Wope gouf duerch Decisioun vum Gemengerot de 15. Juli 1977 ugeholl an duerch en Arrêté vum 12. Februar 1980 autoriséiert, an am Moniteur Belge den 11. Juni 1980 publizéiert.

De Wope gläicht deem vun der fréierer Gemeng Cherain an deem d'Wope vun de fréieren Häre vun do iwwerdro goufen. Dat waren de Grof Jean vu Rivière deen och Här zu Houffalize war a vum Léonard-Bernard Baron vun Hayne.

Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

An der direkter Ëmgéigend vu Gouvy goufen den 8. September 1944 déi zwou éischt V2, an Direktioun Paräis ofgeschoss wouvun déi eng zu Maisons-Alfort ageschloe war an déi aner ënnerwee verluer goung. Et gëtt ugeholl datt se beim Antrëtt an d'Atmossphär auserneegebrach ass.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gouvy – Biller, Videoen oder Audiodateien