InterCity O

Vu Wikipedia
D'1360 virun enger Ramm I11er zu Maastricht

Den InterCity O (IC O) ass e belschen Zuch dee Bréissel mat der hollännescher Stad Maastricht, respektiv mat Gouvy verbënnt.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

  • Den IC O fiert nëmmen ënner der Woch, well um Weekend d'Demande op der Streck Bréissel-Léck duerch den IC A eleng ka gedeckt ginn. Tëscht Léck a Maastricht gëtt en duerch en L Zuch ersat.
  • Eng Koppel IC O fiert tëscht Bréissel a Gouvy, fir där Regioun eng direkt Verbindung mat Bréissel z'erméiglechen. Déi Zich fueren an enger sougenannter "Composition dromadaire", d. h. mat engem Steierwon un all Enn vun der Ramm.
  • Well d'Linn 2 ënner 25.000 Volt Wiesselstroum elektrifizéiert ass, mussen d'Lokomotiven déi den Zuch zéien oder drécken, bei Leuven a bei Ans d'Spannung wiesselen. Op der Grenz, no bei Visé gëtt dann nach eemol d'Spannung gewiesselt, déi Kéier vun 3kV Gläichstroum op 1,5kV Gläichstroum. An der Praxis bedeit dat datt d'Lokomotiven ënner 1,5 kV nëmme mat hallwer Leeschtung ënnerwee sinn.
  • Den IC O ass nieft dem InterCity A den eenzege belschen Zuch dee regulär mat 200 km/h ënnerwee ass.

Material[änneren | Quelltext änneren]

Wëll se op der Linn 2 tëscht Leuven an Ans mat 200 km/h fueren, bestinn all d'IC O aus enger Ramm I11er mat enger SNCB 13 un engem Enn an engem I11BDx-Steierwon um Aneren. Et ass geplangt d'Serie 13 duerch déi nei Maschinnen aus der Serie 18 z'ersetzen. E geneeën Datum ass awer nach net bekannt. Dës Maschinne sinn, genee wéi d'Serie 13 ausgeluecht fir ënner der belscher, franséischer an holännescher Catenaire ze zirkuléiren.

Streckeverlaf[änneren | Quelltext änneren]

Den InterCity O fiert iwwer follgend Linnen:

Gare wou den Zuch hält[änneren | Quelltext änneren]

Bréissel-Midi - Bréissel-Central - Bréissel-Nord - Leuven(um Retour) - Léck-Guillemins - Bressoux - Visé - Maastricht

Numerotatioun vun den Zich[änneren | Quelltext änneren]

Bréissel - Maastricht: IC 407 à 418
Maastricht - Bréissel: IC 427 à 439