Op den Inhalt sprangen

Léiwen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Leuven)
Lag vu Léiwen an der Provënz Flämesche Brabant

Léiwen (nl.: Leuven; fr.: Louvain) ass eng belsch Stad an der Regioun Flandern. Si läit um Floss Dijle an ass den Haaptuert vun der Provënz Flämesche Brabant.

Originn vum Numm

[änneren | Quelltext änneren]

Léiwen soll änlech wéi Venlo d'Wierder Lo (Bësch) a Venn (Morast) matenee verknëppen, soudatt e "Suppbësch" beschriwwe gëtt. D'Ëmdeitung a Leu/Léiw muss där Interpretatioun no eréischt méi spéit geschitt sinn.

Anere Quellen no war den eelsten Numm vun der Stad dat vun engem réimeschen Eegennumm ofgeleetent Luvanium, wat "Freiesch" heescht. Lovenjoel, fréier Lovininon ("kleng Léiwen") ass du spéider draus ginn.

Den ale Maart vu Léiwen

D'Universitéiten

[änneren | Quelltext änneren]

Zu Léiwe goufen der Rei no dräi Universitéite gegrënnt, respektiv dohinner transferéiert:

  • 1425 huet den Herzog Jang IV. vu Brabant, mat der Stad Léiwen zesummen, a mam Poopst sengem Seegen, eng éischt Universitéit gegrënnt. Dës berüümt Anstalt, déi ë. a. den Erasmus vu Rotterdam gesinn huet, gouf 1788 vum Jousef II. aus dem Haus Habsburg, ofgeschaaft. D'Enseignementer goufen op Bréissel a verschidden Institutiounen oder (Héich-)Schoule verluecht; nëmmen d'Theologie blouf zu Léiwen, wou och dem Jousef II. säi Generalseminar fir d'Éisträichesch Nidderlanden implantéiert war.
  • 1817 huet de Kinnek-Groussherzog Wëllem I. dräi Staatsuniversitéiten am Süde vu sengem Räich gegrënnt, an zwar zu Gent, zu Léiwen an zu Léck. 1835, kuerz no der Belscher Revolutioun, gouf allerdéngs déi vu Léiwen nees zougemaach. An der Tëschenzäit haten déi belsch Bëscheef 1834 d'Kathoulesch Universitéit vun der Belsch zu Mechelen gegrënnt. Déi liberal, respektiv antiklerikal Milieuen hunn iwweregens dat selwecht Joer eng fräi oder antidogmatesch Universitéit zu Bréissel opgemaach.
  • 1835 hunn déi Klerikal dovu profitéiert, datt zu Léiwen näischt méi war, fir sech do an d'Gebaier vun der ofgeschaafter Staatsuniversitéit z'installéieren. Sou gouf aus der Kathoulescher Universitéit vun der Belsch, déi zu Mechelen gegrënnt gi war, d'Kathoulesch Universitéit "vu Léiwen". Déi Klerikal hunn d'Bibliothéik, d'Bourses de fondation, asw. iwwerholl, an zanterhier sou gemaach, wéi wann d'Wuerzele vun hirer Anstalt bis an d'Joer 1425 zeréckreeche géifen.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]

D'Alstad vu Léiwen huet mat der gotescher Märei (Stadhuis) an dem Ale Maart (Oude Markt) e puer schéi Beispiller vu flämescher Architektur.

Grouss Léiwener Perséinlechkeeten

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Léiwen – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Gemengen an der belscher Provënz Flämesche Brabant
Fändel vun der Provënz Flämesche Brabant

Aarschot | Affligem | Asse | Beersel | Begijnendijk | Bekkevoort | Bertem | Bever | Bierbeek | Boortmeerbeek | Boutersem | Diest | Dilbeek | Drogenbos | Galmaarden | Geetbets | Glabbeek | Gooik | Grimbergen | Haacht | Halle | Herent | Herne | Hoegaarden | Hoeilaart | Holsbeek | Huldenberg | Kampenhout | Kapelle-op-den-Bos | Keerbergen | Kortenaken | Kortenberg | Kraainem | Landen | Lennik | Léiwen | Liedekerke | Linkebeek | Linter | Londerzeel | Lubbeek | Machelen | Meise | Merchtem | Opwijk | Oud-Heverlee | Overijse | Pepingen | Roosdaal | Rotselaar | Scherpenheuvel-Zichem | Sint-Genesius-Rode | Sint-Pieters-Leeuw | Steenokkerzeel | Ternat | Tervuren | Tielt-Winge | Tienen | Tremelo | Vilvoorde | Wemmel | Wezembeek-Oppem | Zaventem | Zemst | Zoutleeuw

Belsch | Belsch Provënzen |