Université d'État de Louvain

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Université d'État de Louvain war eng vun den dräi Universitéiten, déi vum Kinnek-Groussherzog Wëllem I. am Süde vu sengem Räich, als Géigestéck zu den dräi Universitéiten, déi et am Norde scho gouf, gegrënnt goufen.

Wéi am Kader vum Wiener Kongress (1814/15) dat neit Kinnekräich vun de vereenegten Nidderlanden geschaf an der Herrschaft vum Prënz Wëllem vun Oranien-Nassau ënnerstallt gouf, gouf et am Norden (deemno am haitegen Holland) schonn dräi Universitéiten: d'Universitéit Leiden, d'Universitéit Utrecht an d'Universitéit Groningen. Souzesoen als Géigegewiicht goufen am Süden (zoukënfteg Belsch) och dräi Universitéite vum neie Staat geschaf, an zwar zu Gent, zu Léiwen an zu Léck.

Zu Léiwen war am spéide Mëttelalter schonn eng Universitéit gegrënnt ginn, an zwar vum Herzog Jang IV. vu Brabant a vun der Stad Léiwen selwer, dat Ganzt mam Sege vum Poopst. Mä déi Uni war 1788 vum Keeser Jousef II. sou gutt wéi opgeléist ginn: d'Enseignementer waren all - bis op d'Theologie, déi un de Séminaire général des Pays-Bas autrichiens zu Léiwen ugeschloss gouf - op verschidden Institutiounen zu Bréissel transferéiert ginn. 1797, ënner dem franséische Regime vum Directoire, war d'Universitéit du formell ganz ofgeschaf ginn.

D'Staatsuniversitéit Léiwen, wou den Enseignement op Latäin gehale gouf, hat awer nëmmen eng kuerz Existenz. 1830 koum et nämlech zur Revolutioun am Süden, an den neie belsche Staat, deen doraus ervirgoung, huet 1834, wéi déi belsch Bëscheef eng Kathoulesch Universitéit vu Belgien zu Mechelen an d'Fräidenker d'Université libre de Belgique gegrënnt hunn, d'Staatsuniversitéit Léiwen zougemaach. Hir Gebaier goufe kuerz duerno vun der Kathoulescher Universitéit vu Belgien zu Mechelen iwwerholl. Déi nennt sech zanterhier Kathoulesch Universitéit vu Léiwen.