Rijksuniversiteit Groningen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Universitéit Groningen)
Rijksuniversiteit Groningen
Rijksuniversiteit Groningen
Typ staatlech Fuerschungsuniversitéit
Land Holland
Uertschaft Groningen
Schülerzuel 34.000
  2020
Gegrënnt 1614
Um Spaweck https://www.rug.nl/
Donald Smits Zentrum (2005)
Zernikekomplex

D'Universitéit Groningen (hollännesch: Rijksuniversiteit Groningen), kuerz RUG, ass eng vun den eelsten Universitéiten an Holland. Si gouf den 23. August 1614 vum Ubbo Emmius zu Groningen gegrënnt. Bis 1876 war d'Unterrechtssprooch Latäin.

Haut si méi wéi 20.000 Studenten op der Universitéit a Bachelor- a Masterstudiegäng vun 9 Fakultéiten ageschriwwen, weider 775 Studente schaffen op eng Promotioun hin. All Joer verloosse ronn 2.500 Studenten d'Universitéit mat engem akadeemeschen Ofschloss. D'Universitéit Groningen ass domat no den Universitéiten zu Amsterdam an Utrecht déi drëttgréisst Universitéit an Holland. D'Universitéitsbibliothek Groningen ass no der Universitéitsbibliothek Leiden déi zweetgréisst Universitéitsbibliothek an Holland.

D'Universitéit gouf 2007 vum Zentrum fir Héichschoulentwécklung zu der sougenannter Excellence Group vun de 56 beschten Universitéiten an Europa gezielt.[1] Mat engleschsproochege Studiegäng[2] an 61% auslänneschen Doktoranden (den héchste Prozentsaz vun allen Universitéite vun der Excellence Group) huet d'Universitéit Groningen e vergläichweis héijen Internationaliséierungsgrad.

Zuelen 2009[änneren | Quelltext änneren]

  • 26.643 Studenten
  • 6.213 Éischtsemester
  • 4.897 ETP-Beschäftegt (inkl. UMCG)
  • 413 Professeren (inkl. UMCG)
  • 1.500 PhD (inkl. UMCG)
  • 58 Bachelorstudiegäng, 114 Masterstudiegäng
  • 73 engleschsproocheg Masterstudiegäng, wouvun zéng Double Degree-Programmer a siwen Erasmus-Mundus-Programmer
  • 8 engleschsproocheg Bachelorstudiegäng
  • 16 Fuerschungs-Masterstudiegäng
  • 10 Fakultéiten, 9 Graduate Schools
  • 550.000.000 Euro Ëmsaz[3]

Berüümt Absolventen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Politiker[änneren | Quelltext änneren]

Wëssenschaftler[änneren | Quelltext änneren]

Membere vun der hollännescher Kinneksfamill[änneren | Quelltext änneren]

  • Prënz Bernhard jr., Wirtschaft, Absolvent 1995
  • Prënz Maurits, Wirtschaft, Absolvent 1995
  • Prinzessin Marilène, Betribswirtschaft, 1994

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Universitéit Groningen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. CEH-Ranking
  2. englischsprachige Bachelorfächer
  3. Fakten und Zahlen der Universität