Jan Hendrik Oort
| Jan Hendrik Oort | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
28. Abrëll 1900 Franeker |
| Gestuerwen |
5. November 1992 Leiden |
| Nationalitéit | Kinnekräich vun den Nidderlanden |
| Educatioun | Universitéit Groningen |
| Aktivitéit | Astronom, Physiker, Universitéitsprofesser |
| Member vun | Royal Society, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, International Astronomesch Unioun, National Academy of Sciences, Koninklijke Vlaamse Academie van België voor Wetenschappen en Kunsten, Niedersächsische Akademie der Wissenschaften zu Göttingen, American Philosophical Society, Accademia Nazionale dei Lincei |
| Auszeechnungen | Bruce Medail, Goldmedail vun der Royal Astronomical Society, Janssen-Medail, Jules-Janssen-Präis, Henry Norris Russell Lectureship, Foreign Member of the Royal Society, De Gouden Ganzenveer, Karl G. Jansky Lecture, Karl-Schwarzschild-Medail, Balzan-Präis |
|
| |

De Jan Hendrik Oort, gebuer den 28. Abrëll 1900 zu Franeker, a gestuerwen de 5. November 1992 zu Leiden, war en hollänneschen Astronom.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Oort hat op der Universitéit Groningen studéiert. Do war hie Student vum Jacobus Kapteyn. Vun 1924 un huet hien dunn am Observatoire zu Leiden geschafft. Vun 1945 bis 1970 war hie Professer op der Universitéit Leiden. Déiselwecht Zäit war hien och Direkter vum Observatoire vu Leiden.
1927 hunn den Oort a seng Kolleege mat de Rotatiounsformelen d'Hypothes vum Bertil Lindblad iwwer d'Rotatioun vun der Mëllechstrooss confirméiert, déi fir d'éischt de Kant am Joer 1755 virgeschloen hat. Den Oort hat de Mëllechstroossenzentrum 30.000 Liichtjoer vun der Äerd ewech am Stärebild Sagittarius lokaliséiert. Hien hat bewisen, datt d'Mëllechstrooss eng Mass vun 100 Milliarde Sonnemassen huet.
An den 1950er-Joren hat den Oort d'Oort-Wollek am Beräich vum Rand vum Sonnesystem virausgesot, aus där d'Koméite stamen. Seng Theorien dozou sinn ni confirméiert ginn, ginn awer allgemeng unerkannt.
Den Oort hat och Polariséierung vun der Stralung vum Krabbniwwel nogewisen an hat s'als Synchrotronstralung erkannt.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1942 Bruce Medal
- 1946 Goldmedail vun der Royal Astronomical Society
- 1947 Jules-Janssen-Präis
- 1951 Henry Norris Russell Lectureship
- 1972 Karl-Schwarzschild-Medail vun der Astronomescher Gesellschaft
- 1984 Balzan-Präis fir Astrophysik
- 1987 Kyoto-Präis
- Nom Oort ass den Asteroid (1691) Oort genannt.
