Bertil Lindblad

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Bertil Lindblad, gebuer de 26. November 1895 zu Örebro a gestuerwen de 25. Juni 1965 baussenegt vun Saltsjöbaden war e schweedeschen Astronom an Entwéckler vun der Dichtwellentheorie.

Vun 1927 un war hie Professer an Astronom vun der Kinneklech Schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften an Direkter vum Observatoire Stockholm.

De Lindblad huet wichteg Bäidréig zu der Liichtkraaftbestëmmung vu Stäre geliwwert. Hien huet virun allem iwwer d'Rotatioun vun eiser Mëllechstrooss an zum Opbau vun de Galaxië gefuerscht. 1925 huet hien d'Hypothes vun eiser Galaxienrotatioun opgestallt. Dës gouf am Joer 1927 vum Jan Hendrik Oort a senge Mataarbechter bestätegt.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

E Krater um Äerdmound ass no him genannt an huet den Numm Lindblad.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]