Op den Inhalt sprangen

Eisebunnsstreck Léck-Visé

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Infrabel-Linn 40)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eisebunnsstréck Léck-Visé
Garen - Uschlëss - Brécken - Tunnelen - Barriären Km
Uschloss: Léck-Hasselt (Linn 34)
Uschloss: Bruxelles Nord-Léck (Linn 36)
Liège Guillemins
Meuse (Bréck vum Val Benoît)
X vum Val Benoît
Ourthe-Kanal
Rue Garde-Dieu
Uschloss Kinquempois a Linn 37
Quai du Condroz
Pont de Namur iwwer d'Ourthe
Quai des Ardennes
Avenue du Luxembourg
Boulevard Emile Laveleye
Rue des Vennes
Boulevard Frankignoul
Rue Bonne Femme
Rue du Beau Mur
Impasse du Chéra
Tunnel vu Froidmont
Rue d'Amercoeur
Rue des Maraîchers
Rue Dieudonné (Pont du Bouhay)
Gare vu Bressoux
Uschloss Linn 214 (Hafe vu Léck an Industriezon Chertal)
Avenue Joseph Prevers
Avenue Georges Truffaut
Avenue de l'Indépendance
Rue des Trois Rivages
Rue du Pont de Wandre
Autobunn A3
Rue Césaro
Rue Pierre Andrien
Nationale 653
Rampe du Pont
Verbindung A 25 - Nationale 653
Nationale 618
Gare vu Visé
Linn 24
Däitsch Bréck
Hollännesch Grenz (Extensioun Gare vu Maastricht)

D'Eisebunnsstreck Léck-Visé haut bei der SNCB ënner dem Numm Linn 40 gefouert, ass eng Streck an der belscher Provënz Léck.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den éischten Deel vun der Streck gouf de 26. August 1851 ageweit. Dat war just e klengt Stéck vun 2.100 Meter tëscht dem Y am Val Benoît an der Gare du Longdoz, a gouf vun der Gesellschaft Chemin de fer de Namur à Liège gebaut.

Dësen Deel gouf kuerz duerno am Joer 1854 vun der Compagnie du Nord Belge iwwerholl, an eréischt e puer Joer méi spéit, de 24. November 1861 gouf d'Streck Léck-Maastricht via Visé a Betrib geholl.

Am Joer 1917 huet déi däitsch Besatzung, déi déizäit op alle Belsche Linnen, déi fir Krichszwecker wichteg waren, wéi geckeg mat Krichsgefaange geschafft hunn, eng Ofkierzung an direkter Linn vum Pont de Namur aus, iwwer de Quartier Froimont mat engem Tunnel gebaut. Den Tunnel vu Froidmont huet et erlaabt fir d'Fuerzäite weesentlech ze verkierzen. D'Ursaach dovu war, well d'Gare vu Longdoz eng Kappgare war, an d'Lokomotiven ëmmer hu missen ëmgesat ginn.

Doduerch ass d'Gare du Longdoz och ëmmer manner wichteg ginn an 1956 goufen d'Uschlëss un déi Gare ofgeschaaft.

Haut gëtt d'Streck déi zweegleiseg ass, an op der ganzer Streck elektrifizéiert ass, als Regionallinn an Intercitylinn benotzt fir Persounentransport tëscht Maastricht a Léck, mat Uschlëss op Bréissel a Paräis.

Visé ass d'Grenzgare ronn 1.800 Meter virun der hollännescher Grenz.

Am Persounentransport um Weekend lafen d'Automotricen AM 66.

Konschtbaute vun der Streck[änneren | Quelltext änneren]

Konschbauten iwwer d'Stréck[änneren | Quelltext änneren]