Op den Inhalt sprangen

Gare Bréissel-Central

Vu Wikipedia
Haaptentrée

D'Gare Bruxelles-Central, respektiv Brussel-Centraal ass eng SNCB/NMBS-Gare matzen a Bréissel. Si läit op der Nord-Süd-Verbindung (6 Gleiser), an ass, mat duerchschnëttlech 140.000 Reesenden am Dag, wiertes alt bis zu 400.000 (déi op 1150 Zich verdeelt sinn), déi belsch Gare mat dem héchste Passagéieropkommen.

Si gouf vum Architekt Victor Horta entworf, deen ass awer gestuerwen, éier se fäerdeg gebaut war, an de Maxime Brunfaut huet d'Aarbechten 1952 ofgeschloss. D'Quaie sinn ënnerierdesch, wéi och d'Gleiser, soudatt ee vu baussen, ausser virun der Haaptentrée, kaum an Uecht hëlt, datt do eng Gare ass.

D'Gare huet en Uschloss mat der Metroslinn 1 a 5, do heescht se Gare Centrale, resp. Centraalstation.

Commons: Brussels Central station – Biller, Videoen oder Audiodateien