Victor Horta

Vu Wikipedia
Victor Horta
Gebuer 6. Januar 1861
Gent
Gestuerwen 8. September 1947
Bréissel
Nationalitéit Belsch
Educatioun Académie royale des beaux-arts
Aktivitéit Architekt, Designer, Urbanist, Enseignant

De Victor Horta, gebuer de 6. Januar 1861 zu Gent a gestuerwen den 8. September 1947 zu Etterbeek, war e belschen Architekt an Designer.

Hie gouf um Enn vum 19. Joerhonnert international berüümt dofir, de Jugendstil, deemools eng nei Konschtrichtung vum Design, och op d'Architektur appliziéiert gehat ze hunn. Eng sëllege vun den Haiser, déi hien entworf huet, goufe vun der UNESCO op d'Lëscht vun de Weltkulturierwen opgeholl.

No engem Konschtstudium zu Paräis a Bréissel huet den Horta ufanks fir den Alphonse Balat geschafft, mat deem zesummen en d'Kinneklech Zäre vu Laeken entworf huet - eng éischt Kéier, wou den Horta Stol a Glas verschafft huet. Geschwënn huet e selbstänneg geschafft,1885 huet hie seng éischt dräi Wunnhaiser, an der Twaalfkamerenstraat zu Gent, entworf. Duerno huet hien e puer Joer Entwërf fir ëffentlech Gebaier gemaach, fir dann nees vun 1892 un op Wunn- a Geschäftshaiser zeréckzekommen.

Mam Hôtel Tassel (1893-1894), mat senge bannena fräigeluechte Fer-forgés-Konstruktiounen an de Glaselementer, ganz an organeschen Ornamentsforme gehalen, gouf hien, ze soen iwwer Nuecht, bekannt. Aner bekannt Haiser koumen no: 1893 d'Maison Autrique, 1895/1896 d'Maison Winssinger an 1895 bis 1900 den Hôtel Eetvelde, déi all als Gesamtkonschtwierk vum Art nouveau konzipéiert waren. Vun 1896 bis 1899 huet den Horta d'Maison du Peuple, d'Zentral vun der belscher sozialistescher Partei, entworf, dat éischt Gebai zu Bréissel, deem seng Fassad ganz aus Stol a Glas war. 1900/1901 ass dat grousst Akafsgeschäft À l'Innovation, entstanen, an 1906 d'Geschäft Waucquez (an deem zanter 1988 de Centre belge de la bande dessinée installéiert ass). Zu senge méi spéiden Aarbechten zielen de Musée des Beaux-Arts zu Tournai (1928 ageweit) an d'Gare Bréissel-Central déi eréischt no sengem Doud fäerdeg gouf.

Vun 1912 bis 1915 huet den Horta Coursen op der Académie royale des beaux-arts de Bruxelles ginn (vun 1913 bis 1915 war en den Direkter dovun), vun 1916 bis 1919 war en zu London an an de Vereenegte Staaten. An de Joren duerno war de Jugendstil net méi modern, an den Horta huet méi sober, klassesch Entwërf gemaach, wéi z. B. de Palais des Beaux-Arts zu Bréissel (1922 bis 1928 gebaut).

Nom Zweete Weltkrich gouf de Jugendstil als vereelzt an net méi schéin ugesinn, an eng jett Haiser, och där vum Horta, goufen ofgerappt. Déi bekanntst Zerstéierung ass déi vun der Maison du peuple, géint déi iwwer 500 Architekten op der ganzer Welt an enger Petitioun protestéiert hunn, déi dann dach 1966 duerch eng banal an iwwerdimensionéiert véiereckeg Këscht ersat gouf. A l'Innovation ass 1967 enger Feierkatastroph zum Affer gefall, bei där et iwwer 300 Doudeger gouf. Eréischt Enn der 1970er, uganks 1980er goufen déi verbliwwe Gebaier ënner Denkmalschutz gestallt; dem Horta säi Wunnhaus zu Ixelles, dat hie selwer entworf hat, ass haut e Musée.

Fir seng Verdéngschter gouf hien 1932 vum Kinnek Albert I. zum Barong ernannt. Hie war um belschen 2000-Frang-Billjee (1990er Jore bis zu der Aféierung vum Euro) ze gesinn. Eng Statioun vum Bréisseler Metro gouf no him genannt, wou e puer vun de wéinege Elementer vun der Maison du Peuple, déi erhale blouwen (Fer-forgés-Gelänneren), als Dekoratioun agebaut sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Victor Horta – Biller, Videoen oder Audiodateien