Steinbach (Gouvy)

Vu Wikipedia
Steinbach
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Gemeng Gouvy
Koordinaten 50° 08’ 40’’ N
      05° 54’ 07’’ O

Steinbach (lokal op Steinbay romaniséiert) ass eng Uertschaft an der belscher Provënz Lëtzebuerg a gehéiert zur Gemeng Gouvy.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Steinbach zu der fréierer Gemeng Limerlé gehéiert.

D'Uertschaft läit op enger Héicht vu 484 m am Dall vun enger Niewebaach vun der Ourthe orientale, am Oste vun engem grousse Bësch, dem Bois de Lihérin.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'Schlass Lihérin op der Laide Fagne bei Steinbach.
  • Laanscht Nationalstrooss 838 eng Lourdes-Grott.
  • An der Uertschaft gëtt et zwee Schlässer, dat grousst Schlass, en imposant Gebai bei der Kierch, an 100 Meter dovun dat méi klengt, dat als Bauerebetrib exploitéiert gëtt, an a kengem gudden Zoustand ass, awer eng schéin hënnescht Säit huet déi op d'Baach kuckt.
  • Westlech vun der Uertschaft um Lieu-dit Laide Fagne e Schlass mat engem klenge Park, um Territoire vun der Sektioun Cherain.
  • An der Kierch Saint-Paul, d'Uergel mam Buffet, zanter dem 29. Mäerz 1976 als Patrimoine exceptionel klasséiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Steinbach (Gouvy) – Biller, Videoen oder Audiodateien