Baclain
Dëse Geographiesartikel iwwer d' Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Baclain | |
---|---|
Eng Strooss am Duerf | |
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Lëtzebuerg |
Arrondissement | Baaschtnech |
Gemeng | Gouvy |
Koordinaten |
50° 11’ 42’’ N 05° 51’ 59’’ O |
Telefonszon | 080 |
Postcode | 6674 |
Baclain ass eng Uertschaft an der belscher Provënz Lëtzebuerg a gehéiert zur Gemeng Gouvy.
Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Baclain zu der fréierer Gemeng Montleban gehéiert.
Zweete Weltkrich
[änneren | Quelltext änneren]An der Zäit vum Zweete Weltrich war Baclain eng Héichbuerg vun der belscher Resistenz, wou ënner anerem 16 russesch Krichsgefaangen déi aus der Zwangsaarbecht an de Minnen ëm Charleroi an aus der Campine fortgelaf waren, eng Stopp fonnt haten. Baussent der Uertschaft war e Feld iwwer deem mat Nuetsparachutagë vun den Aliiéierten, Krichmaterial ogeworf gouf. Mam Stéchwuert Le Peuplier est l'Arbre du Canada goufen d'Resistenzler iwwer Radio avertéiert fir datt se d'Plaz nuets konnte markéieren. E Monument mat didaktesche Schëlter baussent der Uertschaft ërënnert un déi Zäiten.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Resistenzmonument vu Baclain.
Zu Baclain war d'Zentral vun de Commandos wallons déi do am Juni 1941 vum Albert Thill, engem Lëtzebuerger deen zu Trois-Ponts op engem Bauerenhaff geschafft huet a vu sengem Frënd Emile Wollwert (och ënner Emile Wolwaerts[1] oder Émil Walwert[2]ze fannen), gegrënnt gouf. De Caveau d'Honneur um Kierfecht vu Stavelot, d'Graf vun den Anciens combattants um Kierfecht vu Grand-Halleux an de Martyrolog an der Kierch Saint-Laurent vu Grand-Halleux souwéi d'Monument vun der Armée sécrète zu Vielsalm erënneren un déi Evenementer an un d'Affer vun der Resistenz an deem Secteur.