Deiffelt (Belsch)

Vu Wikipedia
Deiffelt
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Gemeng Gouvy
Koordinaten 50° 11’ 47’’ N
      06° 00’ 37’’ O

Deiffelt ass eng kleng belsch Uertschaft an der Provënz Lëtzebuerg. D'Uertschaft gehéiert zur Sektioun Beho an der Gemeng Gouvy. Et ass déi ëstlechst Uertschaft an der Provënz.

Se läit am Parc naturel des Deux Ourthes op enger Héicht vu ronn 500 Meter op der Kräizung vun den Nationalstroossen 68 an 815.

Ronn 600 Meter westlech vun Deiffelt entsteet d'Ourthe orientale aus dem Zesummelaf vun zwou Baachen. D'Brühl oder och Breule e lénksen Niewefloss vun der Ourthe huet hir Quell südlech vun der Uertschaft. Eng Baach mat dem Numm, Ruisseau 343 en aneren Niewefloss vun der Ourthe, huet och hir Quell um Territoire vun der Uertschaft.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Deiffelt zu der fréierer Gemeng Beho gehéiert.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kapell Saint-Lambert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Deiffelt – Biller, Videoen oder Audiodateien