Bovigny

Vu Wikipedia
Bovigny
lb: Bowis
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Gemeng Gouvy
Koordinaten 50° 13’ 29’’ N
      05° 55’ 04’’ O
Telefonszon 080
Postcode 6671

Bovigny (lëtzebuergesch Bowis) ass eng Uertschaft a Sektioun vun der belscher Gemeng Gouvy an der Provënz Lëtzebuerg.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Bovigny eng eegestänneg Gemeng mat den Uertschafte Bovigny, Cierreux, Courtil, Halconreux, Honvelez a Rogery.

D'Gemengenhaus vun der Gemeng Gouvy ass zu Bovigny.

D'Uertschaft gehéiert zu de Plus beaux villages fleuris an der Provënz Lëtzebuerg. Vum Fréijoer bis an den Hierscht, fënnt een do an all Eck iergendeng apaart Blummendekoratioun. Op verschiddene Plaze si landwirtschaftlech Maschinne vu fréier ausgestallt, déi all mat Blumme garnéiert sinn.