Op den Inhalt sprangen

Ourthe (Uertschaft)

Vu Wikipedia
Ourthe
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Gemeng Gouvy
Koordinaten 50° 11’ 17’’ N
      05° 58’ 52’’ O

Ourthe ass eng Uertschaft an der belscher Provënz Lëtzebuerg a gehéiert zur Gemeng Gouvy.

Tëscht Ourthe an Deiffelt entsteet d'Ourthe orientale aus dem Zesummelaf vun zwou Baachen. D'Brühl oder och Breule e lénksen Niewefloss vun der Ourthe huet hir Quell ëstlech vun der Uertschaft. Eng Baach mat dem Numm, Ruisseau 343 en aneren Niewefloss vun der Ourthe, huet och hir Quell am Osten um Territoire vun der Uertschaft Deiffelt.

Ourthe hat, wéi déi meescht Uertschaften an der Géigend, eng Käremillen vun där d'Gebai nach do steet.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Ourthe zu der fréierer Gemeng Beho gehéiert.