Op den Inhalt sprangen

Limerlé

Vu Wikipedia
Limerlé
lb: Lam(m)erscher
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Gemeng Gouvy
Koordinaten 50° 09’ 27’’ N
      05° 55’ 26’’ O
Telefonszon 080
Postcode 6670

Limerlé (lëtzebuergesch Lam(m)erscher) ass eng Uertschaft a Sektioun vun der belscher Gemeng Gouvy an der Provënz Lëtzebuerg.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Limerlé eng eegestänneg Gemeng mat den Uertschafte Cherapont, Gouvy, Limerlé a Steinbach.

Limerlé läit op enger Héicht vu ronn 500 m, e puer Plaze ronderëm d'Uertschaft hunn Héichte bis zu 520 m. Am Norde vun der Uertschaft fléisst d'Ourthe orientale a südlech dovun huet d'Woltz hir Quellen. Domat läit d'Uertschaft op der Wasserscheed tëscht de Rhäin- a Meusebasengen.

An der Kierch vu Limerlé gëtt mat zwou faarwege Fënsteren un déi Gefalen aus dem Duerf erënnert.