Bouillon (Belsch)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der belscher Uertschaft Bouillon. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Bouillon.
Bouillon
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Neufchâteau
Awunner 5.353 (1. Januar 2018)
Fläch 14.909
Koordinaten 49° 47’ 44.06’’ N
      05° 04’ 05.20’’ O
Telefonszon 061
Postcode 6830
Websäit https://www.bouillon.be

Bouillon ass eng Stad a Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg an huet 5.505 Awunner (1. Januar 2005). Se ass 149,09 km² grouss an huet domat 36,93 Awunner op de km².

Aner Sektiounen an der Gemeng si Bellevaux, Corbion, Dohan, Les Hayons, Poupehan, Rochehaut, Noirefontaine, Sensenruth, Ucimont a Vivy.

Bouillon läit op der Semois (déi a Frankräich Semoy heescht) an ass vun enger Festung dominéiert, héich uewen um Fiels, déi virdrun dem Godefroy vu Bouillon seng Buerg war. D'Haaptwirtschaftsaktivitéit ass den Tourismus.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bouillon war d'"Haaptstad" vum Herzogtum Bouillon, dat bis d'Franséisch Revolutioun bestanen huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Herzogtum Bouillon.

1096 huet de Grof Godefroy vu Bouillon säi Schlass als Pand ginn, fir mat de Suen e Kräizzuch ze finanzéieren. E puer Joerhonnerte laang huet et zum Bistum Léck gehéiert, mä zanter dem 16. Joerhonnert hunn d'Fransousen ëmmer nees probéiert, sech déi strateegesch wichteg Stad ënner den Nol ze rappen, wat hinnen dann och 1678 gelongen ass.

Am 19. Joerhonnert, nom Wiener Kongress, gouf Bouillon en Deel vum nei geschaafte Groussherzogtum Lëtzebuerg, an, no der Belscher Revolutioun, vun der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Léon Saur, Entre Bar, Namur et Liège: Bouillon, place stratégique ; in: La Maison d'Ardenne - Xe-XIe siècles ; Actes des Journées lotharingiennes (24-26 octobre 1980) ; PSH / Publications de la Section historique (de l'Institut grand-ducal), Bd. XCV (Lëtzebuerg, 1981); Ss. 258-282 (Referenzen, 1 genealogesch Tafel).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bouillon – Biller, Videoen oder Audiodateien
Bouillon: d'Semois, déi al Bréck an d'Buerg
D'Zitadell vu Bouillon. Zeechnung vum Nicolas Liez.
D'Bréck iwwer d'Semois déi bei d'Abtei Notre-Dame de Clairefontaine féiert.