Abtei Notre-Dame de Clairefontaine (Cordemois)

Vu Wikipedia
D'Abtei Notre-Dame de Clairefontaine (Cordemois)

D'Abtei Notre-Dame de Clairefontaine um Lieu-dit Cordemois am Dall vun der Semois an der Belsch, 1,5 km westlech vu Bouillon an der Provënz Lëtzebuerg ass 1935 no Pläng vum Architekt Henri Vaes, deen och d'Pläng vun der Abtei vun Orval gemaach hat, gebaut ginn.

D'Abtei gouf op engem Terrain vun engem Haff opgeriicht deen de Barong vu Moffard senger Duechter vermaach hat. D'zisterziensesch Uerdensgemeinschaft déi an der Abtei ass koum aus engem Klouschter vu Cour-Pétral an der franséischer Diözees vu Chartres.

D'Abtei déi net selwer ka besicht ginn huet 20 Friemenzëmmer, fir Leit déi sech gär fir eng Zäit aus dem zivillen Alldag zeréckzéien, a mat der Uerdensgemeinschaft am Gebiet zesummeliewe wëllen.

Bei d'Abtei kënnt ee wann en zu Bouillon op der Kräizung vun der Rue de la Poulie mat dem Boulevard Heynen de Wee iwwer d'Bréck vun der Semois hëlt an dann eng 2 km weiderfiert.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Freske vum Klouschter um Wee fir bei d'Kierch.