La traversée des pays et des âges

Vu Wikipedia
La traversée des pays et des âges
Den Topoguide vum Wanderwee, am DIN A5 Format

Den Topoguide vum Wanderwee, am DIN A5 Format
Den Topoguide vum Wanderwee, am DIN A5 Format
An anere
Sproochen:
fr:
de:
en:
nl:
Streck: Buret - Limerlé - Huldang
Aasselbuer - Tratten
Distanz: 47 km km
D'Kaart déi zum Topoguide gehéiert.

La traversée des pays et des âges ass den Numm vun engem Wanderwee béidsäiteg vun der belsch-lëtzebuergescher Grenz an de Gemenge Wëntger an Ëlwen zu Lëtzebuerg, a Gouvy an Houffalize an der Belsch.

Den Tour, deen och fir Mountain Biken op ass, ass 47 km laang an zitt duerch d'Uertschafte Buret, Limerlé, Huldang, Aasselbuer an Tratten. Zwou Schleefe vun 12 oder 16 km erlaben et den Tour deelweis ze goen.

Den Tour benotzt zum Deel al Weeër, wéi z. B. de réimesche Wee (Kiem) vu Reims op Köln, de Postwee aus dem 16. Joerhonnert an al Kadasterweeër.

D'Kaart an den Topoguide vum Tour kritt ee gratis bei de Syndicats d'initiative vun deenen dräi betraffene Gemengen, bei der Stëftung Hëllef fir d'Natur (Haus vun der Natur op der Kockelscheier), an och an der Maison du parc vum Parc naturel des deux Ourthes zu Houffalize.

Réalisatioun an offiziell Aweiung[änneren | Quelltext änneren]

Den Tour gouf vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur an der Verwaltung vum Parc naturel des deux Ourthes am Kader vum Interreg Projet IIIA, mam Titel Grandeur et intimité des paysages, realiséiert. Finanzéiert gouf de Projet vun der Europäescher Unioun, der Wallounescher Regioun an dem Ëmweltministère vu Lëtzebuerg.

D'offiziell Aweiung war den 1. Juni 2008, bei Geleeënheet vum Gréngen Zuch (de Gréngen Zuch gëtt all Joer vun der Natura a.s.b.l. organiséiert).

De grénge Bändchen, dee beim Grenzpoteau 265 um Lieu-dit Hara, wou déi dräi betraffe Gemengen zesummestoussen, gespaant war, gouf vun de Ministere Fernand Boden a Benoît Lutgen, den Tourismusministere vu Lëtzebuerg an der Wallounescher Regioun, duerchgeschnidden, dat a Presenz vun de betraffene Buergermeeschteren an enger Rëtsch anere gewielte politesche Verantwortlecher vu Lëtzebuerg an der Wallounescher Regioun.

Offiziell Objektiver vum Tour[änneren | Quelltext änneren]

Et sinn dat

  • Fërderung vum Ökotourismus;
  • Sensibiliséierung vun de lokale Populatioune fir hir Ëmwelt;
  • Opwäertung vum landschaftleche Patrimoine vun den Ardennen.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • La Traversée des Pays et des Âges aux confins des eaux de la Meuse et du Rhin. Topo-guide de randonnée transfrontalière. Erausgi vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur an dem Parc naturel des deux Ourthes. 129 S.
  • Aux confins des eaux de la Meuse et du Rhin. Grenzüberschreitende Landschaften an der Wasserscheide von Maas und Rhein. (Dëst ass d'geographesch Kaart déi zum Topoguide gehéiert. Op der Récksäit fënnt een Erklärungen, op Franséisch an op Däitsch, zum Tour).
  • Jean-Pierre Schmitz, 2008. La Traversée des Pays et des Âges. regulus 9 (2008), S. 24.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]