Éislek Trail
Ausgesinn
| |||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Den Topoguide vum Éislek Trail | |||||||||
Streck: | Kautebaach - La Roche-en-Ardenne | ||||||||
Distanz: | 104,8 km | ||||||||
Symbol: |
Éislek Trail, offiziell Escapardenne Eisleck Trail,[1], ass e Wanderwee op der belsch-lëtzebuergescher Grenz, deen iwwer 104 km follgend Etappe virgesäit:
Depart | Arrivée | Distanz |
---|---|---|
Kautebaach | Klierf | 25,5 km |
Klierf | Aasselbuerer Millen | 18,8 km |
Aasselbuerer Millen | Houffalize | 21,7 km |
Houffalize | Nadrin | 21,4 km |
Nadrin | La Roche-en-Ardenne | 17,4 km |
Den Éislek Trail ass als Projet am Kader vum EU-Programm Interreg IV-A tëscht 2009 an 2012 entwéckelt ginn. Haaptpartner waren de Parc naturel des deux Ourthes op belscher Säit an d'Fondatioun Hëllef fir d'Natur fir déi lëtzebuergesch Streck. Den Éislek Trail gouf den 1. Oktober 2012 ageweit a krut de Label vun der Europäescher Wandervereenegung.
2015 gouf den Escapardenne Lee Trail inauguréiert, deen den Éislek Trail mat der Nordstad verbënnt.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Castermans Marie-Eve, Sébastien Este, Yves Kail, Michèle Paligot & Claude Schiltz, 2012. ESCAPARDENNE Eisleck TRAIL. Parc naturel des deux Ourthes & natur&ëmwelt - Fondatioun Hëllef fir d'Natur. 182 p.
- Milbert, N., 2012. Offizielle Einweihung des Wanderwegs "Escapardenne - Éisleck Trail". Wilder Charme der Ardennen. Luxemburger Wort vum 3. Oktober 2012, S. 29.
Illustratiounen
[änneren | Quelltext änneren]-
Schëld vum Éislek Trail beim Schibbreger Schlass
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Wanderweeër zu Lëtzebuerg
- La traversée des pays et des âges, e lëtzebuergesch-belsche Wanderwee an den Ardennen
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Den offiziellen Numm gouf net als Lemma agesat, well en engersäits Schreiffeeler enthält, a well de Wee zu Lëtzebuerg kuerz als Éislek Trail bezeechent gëtt (op Belscher Säit gëtt e kuerz als "Escapardenne" bezeechent).