Stëftung Hëllef fir d'Natur

Vu Wikipedia
natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d'Natur[1]
De Logo vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur (seit 2021).
Zweck Naturschutz
Grënnungsdatum 1982
Mataarbechter ca. 25
Sëtz Haus vun der Natur
President Patrick Losch
Deckel vum Buch dat 2008 bei Geleeënheet vum 25. Anniversaire (2007) vun der Fondatioun erauskoum

D'Stëftung Hëllef fir d'Natur, offiziell natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d'Natur, ass eng lëtzebuergesch Stëftung mat Aktivitéiten am Beräich vum Naturschutz. Et ass eng Stëftung ouni Gewënnzweck a si ass als Organisme d'utilité publique unerkannt. Si schafft zanter 2012 ënner engem gemeinsame Logo mat natur&ëmwelt zesummen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stëftung gouf 1982 gegrënnt a gouf bis 2012 vu véier Organisatioune gedroen: Natura, Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, Société des naturalistes luxembourgeois an AAT - Garten- und Teichfreunde Luxemburgs. Zanter hirer Fusioun am Joer 2012 ginn déi zwou éischt Organisatiounen duerch natur&ëmwelt ersat.

D'Fondatioun huet hire Sëtz am Haus vun der Natur op der Kockelscheier, mat Ofleeër zu Hengescht, um Sennengerbierg (Biologesch Statioun - Naturzenter SIAS) an zu Schwéidsbeng (Zenter fir ekologesche Gaardebau Schwéidsbeng)[2].

President vum Verwaltungsrot ass zënter 2015 de Patrick Losch, Direkter ass de Gilles Weber. D'Stëftung beschäftegt eng 25 Leit.

D'Stëftung ass virun allem zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun aktiv. D'Aktivitéite vun der Stëftung gi mat Spende vu Privatleit, vu Sponsoren aus der Privatwirtschaft, an iwwer eng Konventioun mam Ëmweltministère finanzéiert. Eenzel Projete gi vun der Europäescher Kommissioun kofinanzéiert (z. B. Life- a Leader-Projeten).

De Groussherzog Henri huet 2008 den Haut Patronage vun der Stëftung iwwerholl.

Zanter dem September 2010 trëtt d'Fondatioun zesumme mat dräi aneren Naturschutzorganisatiounen ënner dem Numm 'natur&ëmwelt' am Beräich Natur- an Ëmweltschutz op.

D'Stëftung war 2011 Grënnungsmember vun Don en confiance Luxembourg.

Ziler[änneren | Quelltext änneren]

Ziler vun der Stëftung sinn:

  • d'Kafen an d'Gestioun vun ekologesch wäertvollen Terrainen;
  • d'Realisatioun vun ekologesche Studien a Fuerschungsaarbechten;
  • d'Informatioun vum Public iwwer den Naturschutz a seng Sensibiliséierung fir d'Protektioun vun der Natur.

D'Haaptzil vun der Stëftung ass d'Kafe vun Terrainen déi als Naturreservater ugeluecht a geréiert ginn.

Enn 2009 war d'HFN Proprietär vu ronn 925 ha Terrainen. Dovu[2]

Enn 2010 ass d'Stëftung Proprietär vun eppes iwwer 1.000 ha Land zu Lëtzebuerg[3], Ufank 2022 um 40. Anniversaire vun der Stëftung waren et der 1.650[4] an Enn 2023 sinn et 1.739 ha [5].

An der Moyenne huet d'Stëftung zanter hirer Grënnung all Joer eppes méi wéi 41 ha Terrain opkaaft.

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Am Ganzen huet se dofir 4 Milliounen Euro investéiert. Den Ënnerhalt vun de Reservater huet bis 2008 ronn 2 Milliounen Euro kascht[6].

Presidente vun der Stëftung[änneren | Quelltext änneren]

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Den historesche Logo (bis 2012) an de Motto vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur.
Riets d'Logoe vun de 4 Grënnungsorganisatiounen an engem Kléiblat
  • 1954: fir Naturschutzzwecker huet d'Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, representéiert vum Henri Rinnen, éischt Terraine kaaft, virun allem naass Wisen, Dréchenzonen an Heckegebidder. Déi Terraine sinn haut am Besëtz vun der Hëllef fir d'Natur.
  • 1982: d'Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, representéiert duerch hire President Henri Rinnen, huet zesumme mat 21 anere Persounen d'Stëftung Hëllef fir d'Natur gegrënnt[8]. Dréier vun der Stëftung sinn d'Natura an d'Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga. Éischte President vum Verwaltungsrot vun der Stëftung gouf de Camille Dimmer.
  • 1983: d'Stëftung krut d'Utilité publique zouerkannt.
  • 1984: duerch en Arrêté grand-ducal gouf festgeluecht, datt d'Donen un d'Stëftung vun de Steiere kënnen ofgehale ginn.
  • 1985: d'Fondatioun huet, zesumme mam Naturmusée an deem deemolege Ministère de la culture et de l'enseignement supérieur et de la recherche, de Präis Hëllef fir d'Natur gegrënnt, deen zanterhier all Joer vergi gëtt.
  • 1986: Fusioun vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur mat der Fondation Natura, déi vun der Natura an dem WWF-Lëtzebuerg gedroe gouf an déi déi selwecht Ziler hat. D'Terraine vun der Fondation Natura ginn an de Besëtz vun der Hëllef fir d'Natur iwwer. De WWF-Lëtzebuerg kënnt als Dréier vun der Fondatioun bäi.
  • 1986: nodeem de WWF-Lëtzebuerg seng Aktivitéiten agestallt huet, ass en duerch d'Société des naturalistes luxembourgeois als Dréier vun der Fondatioun ersat ginn.
  • 1986: d'Stëftung Hëllef fir d'Natur huet, zesumme mat siwen anere Veräiner, d'A.s.b.l. Haus vun der Natur gegrënnt, déi zesumme mat der Stad Lëtzebuerg de Projet vun engem Informatiounszenter am Beräich vun der natierlecher Ëmwelt an de Gebaier vum Kräizhaff op Kockelscheier lancéiert huet.
  • 1989: d'Stëftung huet eng éischt Konventioun mam Ëmweltministère ënnerschriwwen, fir d'finanziell Hëllef vum Staat ze regléieren.
  • 1994: d'Stëftung huet, zesumme mat aacht aneren Associatiounen, hire Sëtz an dat neit amenagéiert Haus vun der Natur op der Kockelscheier verluecht.
  • 1997: d'Stëftung huet eng nei Konventioun mam Ëmweltministère ënnerschriwwen.
  • 1997: de Frantz Muller huet vum Camille Dimmer d'Presidentschaft vum Verwaltungsrot vun der Stëftung iwwerholl.
  • 2008: d'Stëftung huet hire 25. Anniversaire gefeiert. Bei där Geleeënheet koum e Buch mat dem Historique vun der Stëftung an engem Iwwerbléck iwwer d'Aktivitéiten eraus[6].
  • 2013: de Claude Meisch huet vum Frantz Muller d'Presidentschaft vum Verwaltungsrot vun der Stëftung iwwerholl.[9]
  • 2015: de Patrick Losch huet vum Claude Meisch d'Presidentschaft vum Verwaltungsrot vun der Stëftung iwwerholl.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michaelis, Brigitte (Koord.), 2008. Fondation Hëllef fir d'Natur. 298 S. Dréckerei Faber, Miersch. [Ouni ISBN]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Sou ënnert der Nummer G26 am Handelsregëster agedroen.
  2. 2,0 2,1 Fondation Hëllef fir d'Natur, Rapport annuel 2009. Regulus 2 2010
  3. Luxemburger Wort vum 15. Oktober 2010, S. 33, Ënnertitel: Stiftung erreicht symbolische Marke von 1000 Hektar Naturschutzgebiet
  4. Raymond Schmit, Die Idee war einfach und genial, Luxemburger Wort vum 25. Mäerz 2022, S. 31
  5. https://www.wort.lu/luxemburg/so-tragt-eine-nachhaltige-forstwirtschaft-zum-klimaschutz-bei/4608494.html
  6. 6,0 6,1 Michaelis, B. (Koord), 2008
  7. Raymond Schmit, 2015. Kongress von "natur&ëmwelt in Bergem. Luxemburger Wort vum 18. Mäerz 2015, S.25.
  8. Notariellen Akt vum 14. Dezember 1982.
  9. natur&ëmwelt: Roby Biwer und Claude Meisch neue Präsidenten von natur&ëmwelt. Frantz Charles Muller neuer Ehrenpräsident von natur&ëmwelt. [1]