Präis Hëllef fir d'Natur

Vu Wikipedia

De Präis Hëllef fir d'Natur gouf 1985 an d'Liewe geruff[1] a gëtt un Organisatiounen oder Persoune verginn, déi besonnesch Verdéngschter am Natur- an Ëmweltschutz Opweises hunn.

De Präis gëtt an der Reegel am Naturmusée, am Januar oder Februar nom Präisjoer, iwwerreecht.

De Präis[änneren | Quelltext änneren]

Hibou/Eil. Skulptur vum Jean-Pierre Georg.

De Präis besteet engersäits aus engem Geldpräis, dee vum Ëmweltministère a vum Kulturministère mat 5.000 Euro dotéiert ass.[2]

Anerersäits kritt den Haaptlaureat zanter der éischter Präisiwwerreechung och en Ofgoss[3] vun der Bronzeskulptur mam Numm "Hibou / Eil" iwwerreecht, déi eng stiliséiert Eil duerstellt, an déi vum lëtzebuergesche Sculpteur Jean-Pierre Georg entworf gouf.

Jury vum Präis[änneren | Quelltext änneren]

D'Jury besteet aus Vertrieder vu follgenden Institutiounen:[4]

D'Jury gëtt vum Direkter vum Naturmusée presidéiert. D'Sekretariat gëtt vun der Verwaltung vum Naturmusée erleedegt.

D'Mandat vun all Jurysmember ass op dräi Joer begrenzt a kann erneiert ginn.

Editioune vum Präis[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. Règlement ministériel du 24 mai 1985 portant création d'un Prix «Hëllef fir d'Natur». Mémorial A Nr. 31 vum 19. Juni 1985. legilux
  2. Déi finanziell Ofwécklung vum Präis gëtt am Kader vun der Konventioun vum 1. Januar 1999 gereegelt tëschent der Fondatioun Hëllef fir d'Natur an dem Lëtzebuerger Staat, vertrueden duerch de Kulturminister, den Ëmweltminister an dem Budgetsminister.
  3. D'Ofgëss ginn an der Fonderia Artistica Versiliese S.n.c. an Italie realiséiert.
  4. Cf. Règlement ministériel du 24 novembre 1990 modifiant et complétant le règlement ministériel du 24 mai 1985 portant création d'un Prix «Hëllef fir d'Natur». Mémorial A Nr. 15 vum 19. Mäerz 1991. legilux
  5. https://www.naturemwelt.lu/laureat-prais-hellef-fir-dnatur-2021-les-membres-de-la-societe-cooperative-ouni-www-ouni-lu/
  6. https://www.mnhn.lu/blog/2021/02/youth-for-climate-est-laureat-du-prais-hellef-fir-dnatur-2020/
  7. Schmit, R., 2020. Von wegen komische Vögel. Anerkennung für 100 Jahre Ehrenamt: Präis "Hëllef fir d'Natur" geht an ornithologische Arbeitsgruppen. Luxemburger Wort vum 20. Mäerz 2020, S. 36.
  8. Cf. http://www.kass-haff.lu/
  9. Luxemburger Wort vum 10. Februar 2017, S. 26.
  10. Luxemburger Wort vum 6. Februar 2013, S. 18.
  11. Luxemburger Wort vum 9. Februar 2012, S. 22.
  12. Luxemburger Wort vum 26. Januar 2011, S. 21.