Gemeng Welleschten
Gemeng Welleschten | |
---|---|
Fréier Märei vu Welleschten | |
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Wellenstein de: Wellenstein |
Land | Lëtzebuerg |
Awunner | 1.315 |
2008 | |
Fläch | 742 ha |
Héicht | 173 m |
Koordinaten |
49° 31’ 25’’ N 6° 20’ 30’’ O 49°31'25"N, 6°20'30"E |
Websäit | http://www.wellenstein.lu/ |
D'Gemeng Welleschten war bis Enn 2011 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réimech, ier se du mat de Gemenge Biermereng a Schengen zu der Gemeng Schengen fusionéiert huet. D'Gemengenhaus stoung zu Bech-Maacher, hiren Numm hat se vun der Uertschaft Welleschten.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Welleschten war eng typesch Wënzergemeng am Museldall. Um ënneschte flaachen Deel laanscht Musel sinn tëscht de Wéngerten Uebstplantagen, meeschtens mat Äppelbeem. Am Weste vun den Uertschafte vnu der fréierer Gemeng, op den Häng stinn d'Wéngerten, an op de Koppen, op der Grenz mat de Gemengen Duelem, Munneref a Biermereng sti Bëscher.
Déi héchst Plaz an der deemoleger Gemeng ass am Kapebësch, westlech vu Welleschten, um Tracé vun der N16 eng ronn 100 Meter vun der Gemengegrenz Welleschten-Munneref-Biermereng, mat 292 Meter, an déi déifst ass op der Musel mat 140,50 Meter.
Uertschaften an der fréierer Gemeng[1]
[änneren | Quelltext änneren]- Bech-Maacher (Bech-Kleinmacher)
- Schwéidsbeng (Schwebsange)
- Welleschten (Wellenstein)
Geschichtleches
[änneren | Quelltext änneren]Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Beschreiwung am Originaltext:
|
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]- ...
- 1982 - 2005: Nicolas Strotz
- ...
Fusioun 2012
[änneren | Quelltext änneren]De 27. Januar 2010 haten d'Gemengeréit vu Schengen, Biermereng a Welleschten zougestëmmt, eng Prozedur an d'Weeër ze leeden, fir hir Gemengen ze fusionéieren. Den 10. Oktober 2010 hunn an engem Referenden dozou och d'Majoritéit vun de Leit an deene betraffene Gemengen enger Fusioun 2012 zougestëmmt.[2]
Den Numm vun der vergréisserter Gemeng ass "Schengen".[3]
Tourismus a Fräizäit
[änneren | Quelltext änneren]Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Naturschutzgebitt Kuebendällchen
- Grenzmaark vu Bech-Maacher vun 1816, eng vun den dräi eenzegen déi nach am Land bekannt sinn.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Joseph Schumacher: Chronik der Gemeinde Wellenstein, der Hof und die Meierei Remich, von den Anfängen bis 1815.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Joseph Schumacher, Éierebierger vun der Gemeng
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Welleschten
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Welleschten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Zu Schengen ware 55 % vun de Leit dofir, zu Biermereng 76 % an zu Welleschten hu 69 % mat Jo gestëmmt. Vgl: "Referendum: Fir Fusioun vu Schengen, Welleschten, Biirmereng." rtl.lu 10.10.2010, 08:40 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.10.2010, 17:54.
- ↑ "Aus drei mach Schengen." wort.lu 27.01.2010 15:23, aktualiséiert 27.01.2010 18:32.