Op den Inhalt sprangen

Nationalstrooss 16

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 16
Uespelt - Réimech
Land Lëtzebuerg
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Uespelt,
Nationalstrooss 13
Enn Réimech,
Nationalstrooss 2
Längt 13,1 km
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 16
Laf an Uschlëss
Uespelt N 13 CR 156
Gëll Grondbaach
Leemillen A 13
Altwis CR 155
Munneref N 16A
CR 152 CR 149
Neifeld A 13
Ellenger Gare CR 162
Fulschet CR 151
Réimech CR 152A
N 2
Kilometersteen op der N16

D'Nationalstrooss 16 oder kuerz N16 ass eng Nationalstrooss zu Lëtzebuerg am Kanton Esch-Uelzecht an am Kanton Réimech.

Se huet hiren Ufank zu Uespelt op der N13 an heescht do Rue de Mondorf. Vun do féiert se ënner der A13 erduerch iwwer Altwis op Munneref.

Se geet nach eng Kéier ënner der A13 erduerch an dann iwwer d'Ellenger Gare an de Scheierbierg op Réimech, wou se dann Uschloss un d'N2 huet.

Si ass 13,1 km laang.

 Commons: Nationalstrooss 16 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]