Nationalstrooss 28

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 28
D'N28 bei Pläitreng
Sandweiler - Bous
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Sandweiler,
Nationalstrooss 2
Koordinaten 49°36'33,1"N, 6°13'49,1"O
Enn Bous,
Nationalstrooss 2,
Dräikantonstrooss
Koordinaten 49°33'10,87"N, 6°19'23,02"O
duerch Sandweiler, Conter, Waldbriedemes, Bous
Längt 11,4 km
Vitesslimitatioun 50 km/h, 70 km/h, 90 km/h
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 28
Laf an Uschlëss
Sandweiler N 2
Kettebaach
Éiter CFL-Streck 3
CR 132
Sir
CR 144
Pläitreng
Réid CR 147
Aassel CR 148A
Bous Aaasselbaach
N 2 N 13

D'Nationalstrooss 28 oder N28 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss, an de Kantone Lëtzebuerg a Réimech. Si féiert vu Sandweiler op Bous an ass als Verbindung tëscht dësen Uertschaften eng Alternativstreck zur N2.

Laf[änneren | Quelltext änneren]

D'N28 huet hiren Ufank am Rond-point südëstlech vu Sandweiler, wou se vun der N2 fortgeet. Se geet laanscht de Prisong op Éiter, laanscht Pläitreng a praktesch parallel zur N2 bis op Bous, wou s'am Rond-point um Enn vum Contournement nees op der N2 erauskënnt.

D'N28 ass am Ganzen 11,4 km laang.

Entwécklung vun der N28[änneren | Quelltext änneren]

Bis 1958 war d'N28 déi Strooss, déi vun der Féitsch iwwer Allerbuer op d'belsch Grenz a Richtung Baaschtnech gefouert huet (déi haiteg N20). D'Streck Sandweiler - Éiter - Bous war deemools d'N30.

Zanter datt d'Contournemente vu Sandweiler a Bous op sinn, si se den Ufank resp. d'Enn vun der N28, och wann et am legalen Text nach net adaptéiert gouf. Et ass awer geplangt, déi entspriechend Upassungen ze maachen[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Route nationale 28 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Projet de loi 7423 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. chd.lu (19.03.2019). Gekuckt de(n) 06.01.2021.