Pläitreng

Vu Wikipedia
Pläitreng
An anere Sproochen fr: Pleitrange
de: Pleitringen
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Conter
Buergermeeschter Marion Zovilé-Braquet (CSV)
Koordinaten 49° 35’ 31’’ N
      06° 16’ 46’’ O
De Pläitrengerhaff mat Wunnhaus

Pläitreng, oder Pläitrengerhaff, ass e Lieu-dit an der Gemeng Conter, deen aus engem Bauerenhaff an engem Wunnhaus besteet. E läit op der N28 ongeféier 1,5 km südëstlech vun Éiter.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den éischten Haff, zu deem deemools 120 ha Terrain gehéiert hunn, gouf vun der Abtei St. Maximäin vun Tréier gebaut.

Un de Gebaier vum haitegen Haff sinn op d'mannst dräi Bauperioden z'erkennen.

Den Tuerm nieft dem Wunnhaus, dee sécherlech eelsten Deel vun den haitege Gebaier, léisst Stilelementer aus dem 17. Joerhonnert erkennen. D'Wunnhaus ass warscheinlech am 18. Joerhonnert entstanen.

Vum 13. bis den 18. August 1792 huet am éischte Koalitiounskrich d'Haaptarméi vun den Alliéierten, ënner dem Uerder vum Herzog vu Braunschweig, zu Mutfert hiren Haaptquartéier opgeschloen. De preisesche Kinnek Friedrich Wilhelm II. hat säi Camp am Roudebësch beim Pläitrenger Haff, den Herzog vu Braunschweig huet selwer am Haff logéiert.[1]

An der franséischer Revolution gouf de Klouschterbesëtz konfiskéiert an un d'Famill Villeroy verkaaft, déi am 19. Joerhonnert déi haiteg Wirtschaftsgebaier baue gelooss huet.

1919 koum den Haff, zesumme mat senge 70 ha Terrain, an de Besëtz vun der Famill Berg. 1929 gouf e vun der Famill Jungels, déi en haut (2008) nach féiert, opkaaft.[2] No 1995 goufen zwéi modern Ställ bäigebaut.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Joseph Lorent, 2003. Der große Treck aus Useldingen. Wie die Familie Jungels vor 75 Jahren den Pleitringerhof übernahm. - 100 Joer Déngscht um Nächsten. Fräiwëlleg Pompjeeë Mutfert-Méideng. 1903-2003, S. 262-267. Ortmayer Druck GmbH, D-84160 Frontenhausen. ISBN 2-87-996774-0
  • Georges Calteux, 1997. D'Lëtzebuerger Bauerenhaus. Band 1: Ein Querschnitt durch das Wohnen und Leben im Großherzogtum Luxemburg. Éditions Phi & Kremer-Muller & Cie. 262 S. (S. 95: de Pläitrenger Haff) ISBN 2-919978-12-8.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Bemierkenswäert Beem um Pläitrengerhaff:
zwou Lannen am Agank vum Haff
zwou Eeche beim Weier
Séisskäschtebam am Bongert
Zwéi Spierebeem am Bongert

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pläitreng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Frédéric Braun: "D'Enn vun der Monarchie zu Mutfert." 100komma7.lu, 06. Feb. 2022.
  2. Calteux G. 1997