Georges Calteux
Ausgesinn
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Georges Calteux | |
---|---|
De Georges Calteux (2016) | |
Gebuer |
29. Abrëll 1936 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Professer, Konschthistoriker |
De Georges Calteux, gebuer den 29. Abrëll 1936 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Professer fir Konschterzéiung a Verwaltungsdirekter. Nodeem hien am Secondaire enseignéiert hat, war hie vun 1982 bis 2004 Direkter vum Service des sites et monuments nationaux zu Lëtzebuerg.
Hien ass virun allem bekannt wéinst senge Beméiungen ëm d'Erhale vun historesche Gebaier an der konschtgerechter Restauratioun vun alen Haiser zu Lëtzebuerg. Op deem Gebitt huet hien och publizéiert.
Formatioun a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]- 1960: Première-Examen am Iechternacher Kolléisch
- 1960-1963: Konschtstudium op der École des Beaux-Arts zu Nanzeg, Académie des beaux-arts zu Bréissel an Akademie für bildende Künste zu Wien
- 1964-1966: Stagiaire am Iechternacher Kolléisch
- 1967-1977: Zeecheprofesser am Iechternacher Kolléisch
- 1977-1982: Detachéiert bei de Service des sites et monuments nationaux
- 1982-2004: Conservateur en chef vum Service des sites et monuments nationaux
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Calteux, G., 2010. Unser Baum in Amerika. récré 25: 149-154.
- Calteux, G. Lëtzebuerger Bauerenhaus. 3 Bänn, 1997, 1998, 1999.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- APEA:Regard, Album erausgi vun der Association des professeurs d'éducation artistique de l'enseignement secondaire et supérieur, 1987 Éditions St.-Paul
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Luxemburger Lexikon, Éditions Guy Binsfeld, 2006, S. 44.