Eechen um Pläitrengerhaff

Vu Wikipedia
Déi zwou Eeche beim Pläitrengerhaff (Januar 2008)
D'Eech déi dem Haff am nootste steet. Hirem direkte Noper ass d'Kroun gréisstendeels ewechgebrach.

Déi zwou Eechen um Pläitrengerhaff si Summereechen (Quercus robur; chênes pédonculés; Stieleichen) a stinn beim Weier nieft dem Bauerenhaff. Béid Beem hunn imposant breet Krounen, déi bis op zirka 2 m iwwer de Buedem erofreechen.

Den Alter vun dësen zwou Eechen ass net bekannt.

Fir déi déckst vun deenen zwou Eeche gouf 1980 en Ëmfank op Broschthéicht vu 4,55 m gemooss, bei enger Gréisst vun 22 m. Ëm 2000 waren et 4,58 m bei enger Gréisst vun 23 m. Domat gehéiert dëse Bam zu deenen déckste Beem zu Lëtzebuerg (1981: deen 29 déckste Bam).

Dës Eeche goufen 1981 fir d'éischt als bemierkenswäert Beem gefouert.

Geographesch Koordinaten: 49° 35’ 34.48’’ N
      06° 16’ 44.00’’ O

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 46-47, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 24-25, Foto an Text).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Aner bemierkenswäert Beem um Pläitrengerhaff:
Lannen am Agank vum Haff
Spirebeem am Bongert
Séisskäschtebam am Bongert

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

De Pläitrengerhaff. Lénks de Weier mat deenen zwou bemierkenswäerten Eechen
D'Eeche vum Haff aus gesinn. Vir am Bild déi zwou bemierkenswäert Lannen