Spirebeem um Pläitrengerhaff
Déi zwéi Spierebeem um Pläitrengerhaff (Sorbus domestica; sorbier domestique; Speierling) stinn am Bongert nieft dem Baurenhaff.
D'Spierebeem goufe vun de Réimer a Mëtteleuropa agefouert, well si hir Friichten als Zousaz gebraucht hu fir d'Konservéierung vum Viz an anere Fruchtjusen ze verbesseren. Aus de Friichte gëtt och eng beléift Drëpp gebrannt.
D'Holz vum Spierebam gëllt als dat häertst vun alle Lafbeem aus Europa.
Fir deen déckste vun deenen zwéi Spiirebeem gouf ëm 2000 en Ëmfank a Broschthéicht vun 3,01 m bei enger Gréisst vu 17 m gemooss.
D'Spierebeem vum Pläitrengerhaff goufe fir d'éischt 2002 op d'Lëscht vun de bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg gesat.
D'Spierebeem sinn extreem rar zu Lëtzebuerg. Nëmmen op der Musel an am Streech rondrem Steeën a Schrondweiler fënnt een e puer aner gutt gewuessen Exemplaren.
Méi bekannt a méi heefeg an eise Géigenden ass eng aner Aart aus der selwechter Gattung: d'Vullekiischt (Sorbus aucuparia; sorbier des oiseleurs; Vogelbeere).
Quell[änneren | Quelltext änneren]
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 170-171, Text a Foto).
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Pläitreng
- Aner bemierkenswäert Beem um Pläitrengerhaff: