Spierebam

Vu Wikipedia
Foto vun engem Spirebam

De Spirebam (Sorbus domestica) ass e Bam aus der Gattung Sorbus.

Et ass e Bam aus Südeuropa, Nordafrika a Westasien.

De Spirebam huet eng Schuel, déi där vum Birebam gläicht, a liicht a rechteckeg Plättercher opgerass ass.

D'Kroun ass verwëlleft an d'Äscht stinn zimmlech riicht vum Stamm ewech. D'Blieder si gefiedert, 15–22 cm laang, mat 13-21 klenge längelzege Bliedercher, déi 3 bis 6 cm laang an 1 cm breet sinn. Beim Still ass de Bord vun de Bliedercher glat, soss schaarf an duebel geseet; déi ënnescht Säit huet kleng Hoer, an uewendrop si se giel-gréng.

D'Friichte sinn äppel- oder birefërmeg (var. maliformis a var. pyriformis). Se si gréng a ginn op der Sonnesäit séier rout-brong.

Verbreedung zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg sinn eng 120 Exemplaire vum Spirebam bekannt, e bësse méi wéi d'Hallschent steet am Bësch, de Rescht kann een en a Bongerten oder laanscht Stroossen a Weeër fannen.[Source?]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]