Bongert
Ausgesinn

E Bongert ass eng Plantatioun mat Uebstbeem oder -traisch, déi ugeluecht gëtt, fir Uebst ze zillen.
Den Numm kënnt vun enger Kontraktioun aus Bam + Gaart.
Eng speziell Zort vu Bongert ass de Päsch.
Zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Zu Lëtzebuerg an an der direkter Ëmgéigend sinn déi geleefeg Uebstbeem an de Bongerten Äppel- Bieren-, Quetschen-, Prommen-, Mirabellen-, Réngglotten- oder Kiischtebeem.
An de Bongerte sinn et meeschtens Héichstämm-Uebstbeem.[Quell?] Bei den Äppelbeem sinn et traditionell déi al Zorten, se si méi robust a manner ufälleg fir Krankheeten.
2024 goufen zu Lëtzebuerg 1.472 Tonnen Äppel statistesch erfaasst. Dovu waren 975 Tonnen Ieesäppel.[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Bongerten – Biller, Videoen oder Audiodateien |