Séisskäschtebam um Pläitrengerhaff

Vu Wikipedia
De Séisskäschtebam. Am Hannergrond: ee vun deenen zwéin neie Ställ vum Haff (Februar 2008).
E Stamm mat ronn 5 m Ëmfank.

De Séisskäschtebam um Pläitrengerhaff (Castanea sativa; châtaignier; Esskastanie) steet hannenaus am Bongert nieft dem Haff. Et ass den imposantste Bam vu senger Aart zu Lëtzebuerg, a gehéiert dofir zu de bemierkenswäerte Beem am Land.

1980 gouf en Ëmfank op Broschthéicht vu 4,55 m gemooss, ëm 2000 waren et 5,00 m. Domat gehéiert dëse Bam zu deenen déckste Beem am Land (1981: deen 30. déckste Bam).

1981 gouf dëse Bam fir d'éischt als bemierkenswäerte Bam gefouert.

Geographesch Koordinaten: 49° 35’ 31.73’’ N 06° 16’ 52.43’’ O

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 148-149, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. Tabell S. 163; keng Beschreiwung a keng Foto vum Pläitrenger Séisskäschtebam an dësem Buch).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Pläitreng
  • Aner bemierkenswäert Beem um Pläitrengerhaff:
Zwou Eeche beim Weier
Zwou Lannen am Agank vum Haff
Zwéi Spirebeem am Bongert

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Séisskäschtebam um Pläitrengerhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien